Dësch-Tennis

Ech weess net, wat ass dat?

Wei de Forrest Gump aus dem Vietnam zréck koum, koum hien déi éischte Kéier mat Dësch - Tennis a Beréierung. "Looss de Ball net aus den Aen", krut hien als eenzege Rot an dat huet hien dann och gemaach. Genau dorëms geet. Ee Ball, zwee Schleier, een Dësch an een Netz - mäi brauch een net fir Dësch - Tennis ze spillen. Et léisst een einfach de Ball net méi aus den An an et huet ee vill Spaass a Beweegung beim bal scho meditative fokusséieren op de Ball. De Fokus stellt sech an, wann ee bis e bëssen Training huet an een net méi andauernd no all Opschlag de Ball muss oprafen.

Als Wettkampf ass den Dësch - Tennis ass ee schwéieren, intensiven a séiere Sport, dee vu senge Spiller, wei all Sportaart, Asaz, Konzentratioun, Konditioun a Fairness verlaangt. Den Dësch - Tennis fuerdert besonnesch eng gutt Athletik, Beweeglechkeet a Reflexer souwéi ee waache Geescht fir Spillsituatioune schnell z’erkennen a schnell reagéieren ze kënnen.

Dësch - Tennis ass awer net nëmmen ee Wettkampf mam Ziel, ëmmer dat Bescht an dat Meescht aus sech erauszehuelen, nee, den Dësch - Tennis ass ee Gesondheetssport - ee Sport fir jiddereen, egal ob jonk oder méi al. Den Dësch - Tennis fuerdert Kierper a Geescht, an hëlleft gesond a fit ze ginn, oder ze bleiwen, a sech vu Krankheeten oder Behënnerungen ze erhuelen, resp. deenen entgéint ze wierken.

Dat Schéinst un eisem Sport ass awer, dass jiddereen, vu klengem un bis an den héijen Alter, Spaass um Spille kann hunn. Bal all Spilldag gesäit een ee Match tëschent engem talentéierte Jugendspiller an engem erfuerene Veteran. Naturgeméiss fuerdert den Dësch - Tennis deemno Frëndschaften an erlaabt Spiller vun all Alter sech zesummenzefannen a sportlech mee och geselleg Momenter zesummen z’erliewen: .

Dësch - Tennis zu Lenneng

Zu Lenneng gëtt säit 1971 Dësch - Tennis gespillt. Kuckt an d'Rubrik Iwwer Eis, fir méi iwwert eise Veräin ze erfueren.

Kontakt

Wann Dir Loscht hutt mat eis Dësch - Tennis ze spillen, oder einfach Froen hutt, dann zéckt net, fir mat eis a Kontakt ze trieden - mir freeën eis ëmmer, nei motivéiert Spiller ophuelen ze dierfen.