Olympionike
De gebiertege Nigerianer huet bei Weltmeeschterschaften an Olympia matgespillt. Bei den olympesche Spiller vu Barcelona am Joer 1992, konnt de Sule am Eenzel ee Match géint den Attaher Mohamed El-Mahjoub aus Libyen gewannen, an am Doubel gouf et ee Sig géint Neuseeland, an ass domadder op d'Plazen 33T, resp. 17T komm. Bei den olympesche Spiller vun Atlanta am Joer 1996 konnt de Sule leider keen Eenzelmatch géint seng méi erfuere Géigner aus den USA, Kanada an England gewannen. Am Doubel ass ee Sig géint Tschech Republik erausgesprongen, sou dass hien domadder op d'Plazen 49T, resp. 17T komm ass.
Jeunesse Sportif de Manom Dësch - Tennis Lenneng
De Sule huet nom Wiessel vum Tom Scholtes ob Bäerbuerg d'éischt Equipe vum Dësch - Tennis Lenneng verstäerkt. D'läscht Saison huet de Sule mat senge fofzeg Joer nach mat Manom an der zweeter franséischer Divisioun gespillt. Am Frankräich zielt de Sule zu deene beschten zweehonnert Spiller aus dem Land - an elo ass hien zu Lenneng fir d'Missioun Opstig an d'Éierepromotioun unzegoen.
Spezialtraining
Weider gëtt de Sule och Eenzeltraining fir talentéiert a motivéiert Spiller - loosst Iech déi eemoleg Chance net entgoen!