Tom Scholtes

Junger Wilder
Tom Scholtes
Junger Wilder

Tom Scholtes

Op ee Bléck

Gebuertsjoer
????
Cluj
R. 128
Ostrava
R. 128
Klassement
A3
Plaz
Punkten
Holz
Virhand
Réckhand

Den Tom huet 2010 als Jugendspiller beim Dësch - Tennis Lenneng ugefaangen an ënnert dem Trainer Pavel Steffek d'Pingpong-Spille geleiert. Mat engem groussen Talent geseent, an engem gesonden Ëmfeld begléckt, ass den Tom ënnert dem Trainer Mirko Habel Schrëtt fir Schrëtt zu engem vun deenen hoffnungsvollen Talenter aus dem Land eru gewuess.

Eischten A-Spiller

An der Saison 2017 / 2018 ass den Tom mat eiser éischter Equipe an d'éischt Divisioun opgestigen. An der Saison 2018 / 2019 ass den Tom dann A3 ginn an ass domadder och deen éischten A-Spiller vum Veräin.

Europa!

Och international konnt den Tom schonn Erfolleger virweisen. Hien huet bäi de Jugendeuropameeschterschaften zu Cluj (Rumänien) an Ostrava (Tschechien) matgespillt. Duerch seng Sig am Doubel géint Estland, ass den Tom deen éischte Spiller vum Dësch - Tennis Lenneng gewiescht, deen international konnt op sech opmierksam maachen. Zum Zäitpunkt vun den internationalen Europameeschterschaften an Tschechien, war den Tom a senger Kategorie ënnert den Top 150 an Europa.

Den Doubel mam Melisa Sadikovic géint Wäissrussland, dee leider mat 2-3 verluer gouf, konnt live op LaoloTV vun der ETTU verfollegt ginn.

Am Eenzel konnt den Tom mat zwee Sige géint de Sebastian Flaaten (3-1) aus Norwegen a géint den Dawid Jadam (3-2) aus Polen op sech opmierksam maachen. An der Aachtelsfinall war da géint de Sam Khosravi (0-3) aus Finnland leider Schluss.

Palmarès

Souwuel um Kriterium wei och op de Landes- a Regionalmeeschterschaften huet den Tom Medaile gesammelt an ass wat d'Edelmetall betrëfft deen erfollegräichste Spiller aus eisem Veräin.

Palmarès

Landesmeeschterschaften

Kategorie Resultat Joer
Cadets Mixte - Double Landesmeeschter 2018 / 2019
Cadets - Double Vizelandesmeeschter 2018 / 2019
Minimes Vizelandesmeeschter 2017 / 2018
Minimes - Double Vizelandesmeeschter 2017 / 2018
Minimes Landesmeeschter 2016 / 2017
Préminimes - Double Landesmeeschter 2015 / 2016

Kriterium

Kategorie Resultat Joer
Minimes Gold 2017 / 2018

Regionalmeeschterschaften

Kategorie Resultat Joer
B2 Regionalmeeschter 2017 / 2018
Minimes Vizeregionalmeeschter 2017 / 2018
Minimes Vizeregionalmeeschter 2016 / 2017

Ze Séier Ze Gutt

Leider huet den Tom den Dësch - Tennis Lenneng virun der Saison 2019 / 2020 a Richtung Bäerbuerg verlooss.

Medailespigel

Junger Wilder

Orange