Training

Amat victoria curam

Fir der Jugend dee beschtméiglechen Training ubidden ze kënnen, beschäftegt den Dësch - Tennis Lenneng säit ville Jore professionell Traineren. Mam Richard Svab (Tschechien) als Trainer koum déi éischt grouss Erfollegwell an den Dësch - Tennis Lenneng stellt zënterhier reegelméisseg verschidde Landesmeeschter, Vize - Landesmeeschter a Regionalmeeschter, souwuel bei den Equippen ewéi och am Eenzel an alle Jugendkategorien. Ënnert deem aktuelle Jugendtrainer Mirko Habel (Däitschland), gëtt déi erfollegräich Aarbecht fortgesat an de Veräin ass stolz mam Tom Scholtes ee vun deenen hoffnungsvollsten Talenter aus dem Land ausgebilt ze hunn.

Jugend- a Seniorstraining

De Jugend- a Seniorstraining ass ëmmer Méindes an Donneschdes zu Kanech an der Sportshal "A Wellems". Méindes gëtt den Training vum Christian Kill geleet; Donneschdes ass "freestyle". Weider bitt de Sule Olaleye op Nofro Eenzeltraining fir talentéiert a motivéiert Spiller un.

Kannertraining

De Kannertraining ass ëmmer ?? a ??. De Kannertraining gëtt vum Mirko Habel, mat der Ënnerstëtzung vum François Bingen, geleet.

Eenzeltraining

An eisem Sall zu Lenneng "op der Bréck" gett et dann och d'Méiglechkeet fir all Moment trainéieren ze goen, sief et mat engem Trainer fir Eenzeltraining ze maachen, oder fir einfach mat Kollegen e bëssen ze spillen.

Dir kennt de Sall iwwer "BalleJaune" reservéieren. Falls Dir nach keen Account bei BalleJaune hutt, muss Dir fir d'éischt een erstellen. (BalleJaune benotzt Google Analytics an Alexametrics)

Kontakt

Wann Dir Loscht hutt mat eis Dësch - Tennis ze spillen, oder einfach Froen zum Training hutt, dann zeckt net, mat eis a Kontakt ze trieden!

Traineren: Jugend a Senior

Christian Kill Trainer

Websäit

Sule Olaleye Spezialtraining

Traineren: Kanner a Jugend

Mirko Habel Trainer

François Bingen Assistent