Chronik

Dësch - Tennis, Kultur an Theater - vu 1957 bis haut

Fir zréck op d'Haaptsäit ze kommen, klickt hei. Fir direkt bei d'Chronik vum Dësch - Tennis ze kommen, klickt hei.


  • Eeneg a Frou

    Am Mäerz 1957 huet e Grupp vu Lennenger Leit den Theaterveräin „Eeneg a Frou“ gegrënnt. Mir droen dësen Numm houfreg weider a versichen him gerecht ze bleiwen.

  • Sonntag, 3. März 1957

    Éischt Opféierungen

    Den 3. Mäerz 1957 goufen zu Lenneng dräi Theaterstécker opgefouert.


    Dës waren:

  • Sonntag, 24. März 1957

    Grënnung

    E puer Woche méi spéit, de 24. Mäerz 1957 hunn dräizéng Lennenger Jongen ee Veräi gegrënnt, mat dem Ziel fir Komerodschaft an Eenegkeet ze festegen a fir de Leit aus dem Duerf all Joer mat hiren Theateropféierungen e puer schéin a gemittlech Stonnen ze bereeden.


    Grënnungsmemberen sinn:

    • Joseph Alberty
    • Armand Bellot
    • Roger Ferring
    • Jean Hansen
    • Jean Kremer (President)
    • Camille Kremer
    • Arthur Müller (Vizepresident)
    • Joseph Reiland (Caissier)
    • Gustave Reiland
    • Gustave Schmit
    • Marcel Schumacher
    • Marcel Steinmetz
    • Franz Strasser
  • Theater tëschent 1957 an 1961

    An der Zäit tëschent 1957 a 1961 huet de nei gegrënnte Veräin véier Theaterstécker mat Gesang a Musek opgefouert.


    Dës waren:

  • April 1959

    Ee neie Festsall

    Am Abrëll 1959 gouf déi nei Schoul mat groussem Festsall a Präsenz vun den Häre Ministere Pierre Grégoire (CSV) an Émile Schaus (CSV) am Greiweldengerwee ageweit.

  • 1969

    Erny Weber

    1969 iwwerhëlt den Erny Weber d'Presidentschaft vum Veräin an ass och an där Zäit Regisseur bei den Theateropféierungen.

  • Jos Faack

    An de 70er Joren iwwerhëlt de Jos Faack wärend etleche Joren d'Presidentschaft vum Veräin. Ënnert senger Regie gi munch Theaterstécker zu Lenneng an zu Betzder am Institut St. Joseph opgefouert.

  • Marie - Josée Chaussy

    An den 80er Joren hat de Veräi ganz vill Succès mat zwee Stécker vum Marie - Josée Chaussy.


    Gespillt goufen:

    • D'Gespent am Bësch
    • Déi verflixte Fraleit
  • Freitag, 10. Juni 1983

    Fusioun

    Amicale Lenneng

    Den 10. Juni 1983 hunn de Lennenger Dëschtennisveräin an den Theaterveräin ënnert dem Numm "Amicale Lenneng" fusionéiert.


    President ass zënterhier de Jos Bellot.

  • 1989

    D'Bebi mécht dat schoon

    1989 gouf d'Theaterstéck "D'Bebi mécht dat schonn" opgefouert.

  • 1991

    Emol Aanescht

    1991 gouf d'Theaterstéck "Emol Aanescht" opgefouert.

  • 1992

    De Stenz

    Am Joer 1992 huet d'Theaterequipe "De Stenz" opgefouert.


    D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 1993

    Dat léift Geld

    Am Joer 1993 huet d'Theaterequipe d'Stéck "Dat léift Geld", geschriwwe vum Cecile Bellot, opgefouert.

  • 1994

    Emol Aanescht 2

    Am Joer 1994 ass d'Theatersteck "Emol Aanescht 2" opgefouert ginn.

  • 2001

    Sief dach net esou domm!

    Am Joer 2001 huet d'Theaterequipe d'Stéck "Sief dach net esou domm!" opgefouert.


    D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2003

    D'Bom schléit zou

    Am Joer 2003 ass d'Theatersteck "D'Bom schéit zou" opgefouert ginn.

  • 2004 bis 2005

    Sketcher a Playback

    An de Joren 2004 an 2005, huet d'Theaterequipe vum Dësch - Tennis Lenneng Sketcher gespillt a Playback gesongen.


    D'Opféierungen si gefilmt ginn, a kënnen och haut nach gekuckt ginn.

  • 2006

    De Beichtstull

    Am Joer 2006 ass d'Theaterstéck "De Beichtstull", ee lëschtegen Dreiakter vum Josy Christen, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2007

    De Spartacus

    Am Joer 2007 ass d'Theaterstéck "De Spartacus" opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2007

    50 Joer Theater zu Lenneng

    Bei de Feierlechkeeten zum 50. Gebuertsdag vum Theaterveräin Eeneg a Frou, huet de President Jos Bellot ervirgehuewen, datt d'Visioun vum Veräin sech och deene nächste 50 Joer net sollt änneren: Et gëllt dofir ze suergen, dat eis Lëtzebuerger Traditiounen a Brauchtümer, an d'Lennenger Eegenaart, erhale a weider lieweg bleiwen.

  • 2009

    Hausmaacherkascht

    Cecile Bellot

    Am Joer 2009 huet d'Amicale Lenneng fir d'éischte Kéier zënter siechzéng Joer erëm ee Stéck vum Cecile Bellot, engem Member vum Veräin, opgefouert: "Hopp a Fort".


    Zënterhier spillt d'Theaterequipe all Joer ee Stéck vum Cecile Bellot.


    D'Opféierunge vu bal all dëse Stécker sinn opgeholl ginn, a kënnen online gekuckt ginn.

  • 2010

    Stopp den Hopp

    Am Joer 2010 ass d'Theaterstéck "Stopp den Hopp", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2011

    Eng Fein Famill

    Am Joer 2011 ass d'Theaterstéck "Eng Fein Famill", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.

  • 2012

    Dräi Mol Theater

    Am Joer 2012 sinn d'Theaterstécker "Eng Affaire um Belair", "Blo Drauwen" an "Hei Ass Et Net Schéin, lëschteg Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2013

    Konveniat

    Am Joer 2013 ass d'Theaterstéck "Konveniat", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.

  • 2014

    De Monni Josy

    Am Joer 2014 ass d'Theaterstéck "De Monni Josy", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.

  • 2015

    D'Päischtcroisière

    Am Joer 2015 ass d'Theaterstéck "D'Päischtcroisière", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2016

    Vu Wandmillen a Wandbeidelen

    Am Joer 2016 ass d'Theaterstéck "Vu Wandmillen a Wandbeidelen", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2017

    Et Gi Vill Schéi Männer Op Der Welt

    Am Joer 2016 ass d'Theaterstéck "Et Gi Vill Schéi Männer Op Der Welt", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2018

    Hochzäit

    Am Joer 2018 ass d'Theaterstéck "Hochzäit", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • 2019

    Antidepressiva

    Am Joer 2019 ass d'Theaterstéck "Antidepressiva", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.


    D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.

  • Freitag, 7. Juni 2019

    Dësch - Tennis Lenneng

    Theaterflix

    De 7. Juli huet d'Amicale Lenneng op Virschlag vum Virstand hin beschloss, de Numm vum Veräin an "Dësch - Tennis Lenneng" ze änneren. Theaterequipe sollt awer weiderhin ee wichtege Bestanddeel vum Veräi bleiwen.


    Nieft enger neier Websäit, déi virun Allem d'traditionell Manifestatiounen vum Veräin ervirhiewen sollt, huet den Dësch - Tennis Lenneng eng Streaming - Plattform, TheaterFlix, an d'Liewe geruff, déi d'Membere vum Veräin notze kënnen, fir eng grouss Auswiel vun Theaterstécker nach eng Kéier online ze kucken.


    Weider ass och een Online - Buttek ageriicht ginn, den DTL Shop, wou dës Theaterstécker souwuel als DVD wei och

  • Montag, 1. Juni 2020

    SARS-CoV-2

    Wei d'Welt e bësse méi lues gedréit huet ...

    Duerch déi weltwäit SARS-CoV-2 - Pandemie, konnt am Fréijoer 2020 keen Theater gespillt ginn. Och eis aner Manifestatioune sinn ausgefall.

  • Dësch - Tennis

    D'Grënnung vun engem neie Veräin zu Lenneng gouf net vu jiddwerengem begréisst, virun allem well d'Begeeschterung vun de jugendleche Grënnungsmembere mat engem Stréifeier verglach ginn ass an esou huet een dem neie Veräi keng laang Liewensdauer zougetraut. Wei des Chronik weist, war des Skepsis awer net Ubruecht - haut ass den Dësch - Tennis net méi aus der Gemeng Lenneng ewechzedenken.

    Legend: (C) - Critérium ; (E) - Championnat de l'Est ; D. - Double

  • 1971

    Grënnung

    De Veräin ass ënnert dem Numm "Dësch - Tennis Lenneng" gegrënnt ginn. De 15. Juni 1971 goufen d'Statuten an d'Gemeng agereecht. De Veräi bestoung aus fofzéng Grënnungsmemberen. De 16. September 1971 gouf de Veräin offiziell vun der Gemeng unerkannt.


    Den éischte Virstand vum Veräi war wei follegt zesumme gesat:

    • President: Jean Strasser
    • Vizepresident: Norbert Schoenhofen
    • Sekretär: Jos Bellot
    • Keessjee: Nico Weydert
    • Memberen: Carlo Strasser a Pierre Warkin
  • 1971

    Éischten Dësch

    Den éischte Pingpongsdësch gouf zu Lenneng "Op der Bréck" opgeriicht. Hei ass dann och ënnert der Leedung vum Pierre Warkin an dem Carlo Strasser fläisseg trainéiert ginn.


    Well an de Sall "Op der Bréck" awer just een Dësch era gepasst huet, goufen d'Matcher zu Lenneng an der Schoul gespillt

  • 1971

    Éischte Match (Coupe)

    Den éischte Match vum neie Veräin war an der Coupe FLTT géint den DT Olympique Biwer. Dëse Match huet den Dësch - Lenneng mat 2-7 verluer.


    Matgespillt haten de Jos Bellot, de Nico Weydert an de Norbert Wies, deen och déi zwee eenzeg Matcher fir Lenneng gewonnen hat.

  • 1971

    Éischte Match (Championnat)

    Den éischte Championnatsmatch, gespillt an der Lennenger Schoul, gouf mat 8-2 géint de Weimeschhaff verluer.


    Matgespillt haten de Jean Barten, de Pierre Warkin, de Nico Weydert an de Norbert Wies. D'Punkte fir Lenneng haten de Nico Weydert an den Doubel Barten / Weydert geholl.

  • Samstag, 2. Oktober 1971

    Éischte Gewonnene Match

    Den 2. Oktober konnt d'Equipe mam Jean Barten, Carlo Strasser, Pierre Warkin a Nico Weydert mat engem 6-4 iwwer Gonnereng den historesch éischte Sig fir den Dësch - Tennis Lenneng afueren.

  • 1972

    Éischt Saison

    Um Enn vun der Meeschterschaft 1971 / 1972 huet d'Equipe vum Dësch - Tennis Lenneng mat 21 Punkten déi siwent Plaz beluet.


    Folgend Spiller goufen agesat:

    • Jean Barten
    • Jos Bellot
    • Pit Scholtes
    • Carlo Strasser
    • Robert Thill
    • Pierre Warkin
    • Nico Weydert
    • Norbert Wies
  • 1973

    Saison 1972 / 1973

    Eng zweet Equipe

    Fir d'Saison 1972 / 1973 hat de Veräin eng zweet Equipe ugemellt.


    Zousätzlech zu de Spiller vun der vergaangener Saison hu folgend néi Spiller matgespillt:

    • Andrée Alles
    • Charles Barten
    • Josette Godart
    • Marc Godart
    • Claude Goetzinger
    • Sylvie Strasser
    • Marcel Weydert
  • 1974

    Saison 1973 / 1974

    Dammenequipe

    Fir d'Saison 1973 / 1974 hat de Veräin zousätzlech eng Dammenequipe ugemellt.


    Folgend Spillerinnen hu néi matgespillt:

    • Jeanne Girardi
    • Nicole Schoenhofen
    • Viviane Schoenhofen
    • Monique Schumacher
  • 1976

    Saison 1975 / 1976

    Coupe du Vième Anniversaire

    Zum fënnefte Gebuertsdag vum Veräin ass eng Coupe mat de Veräiner aus Gonnereng, Gouschteng, Lenneng, Recken, a Wuermer organiséiert ginn.


    Eng Seniors- an eng Dammenequippe hunn un der Meeschterschaft Deel geholl.

  • 1978

    Saison 1977 / 1978

    Éischte Jugendtrainer

    De Veräi setzt verstäerkt op d'Jugend. De H. Schlink aus Meechtem gëtt den éischte Jugendtrainer vum Dësch - Tennis Lenneng.


    Championnat Equippen
    Seniors 2
    Jeunes Filles 1
    Scolaires 1

    An de Jugendmeeschterschaften si folgend Spiller agesat ginn:

    • Patrick Mousel
    • Corry Schmitz
    • Georges Schmitz
    • Nicole Schoenhofen
    • Tom Schoenhofen
    • Viviane Schoenhofen
    • Greg Scholtes
    • Guy Schumacher
    • Monique Schumacher
    • Jean - Marie Warkin
  • 1978

    Palma de Mallorca

    Éischten Ausfluch

    An de 70er Jore sinn zwecks Opbesserung vun de Finanze vum Veräi vill Zeltfester, ënnert anerem mat dem bekannten Orchester "The Paper Flower", organiséiert ginn.


    Den 30. Mäerz 1978 ass et fir déi vill Aarbecht dann och eng Belounung ginn. Den Dësch - Tennis Lenneng huet een éischte gemeinsamen Ausfluch gemaach: Op d'Sonneninsel Palma de Mallorca.

  • 1979

    Saison 1978 / 1979

    Éiereplaz bei de Landesmeeschterschaften

    D'Josette Godart gëtt neie Member am Virstand.


    Eng Fusioun mat dem Dëschtennisveräin aus Wuermer gëtt vum Virstand ofgeleent.


    De villen Training mam H. Schlink huet sech bezuelt gemaach: Op de Jugend - Landesmeeschterschaften huet den Doubel Guy Schumacher an Tom Schoenhofen déi véiert Plaz erreecht, an ass domadder just knapp un enger Medail gescheitert.


    Championnat Equippen
    Seniors 2
    Dames 1
    Jeunes 1
    Jeunes Filles 1
    Scolaires 1

    Béid Seniorsequippen hunn et gepackt, aus hiren Divisiounen opzesteigen.

    Folgend Spiller goufen agesat:

    • Richard Thill
    • Marcel Weydert
    • Jean Barten
    • Jos Bellot
    • Charles Barten
    • Tom Schoenhofen
    • Guy Schumacher
    • Nico Weydert
    • Patrick Mousel
    • Sylvie Strasser
  • 1980

    Saison 1979 / 1980

    Eng drëtt Equipe

    D'Sylvie Strasser ass an de Virstand opgeholl ginn.


    De Marcel Weydert huet an der ganzer Saison kee Match verluer gehat!


    Championnat Equippen
    Seniors 3
    Dames 1
    Jeunes 1
    Scolaires 1

    Als nei Spiller sinn derbäi komm:

    • Cecile Bellot
    • Gil Simoes Torres

    D'Jeunesequipp huet mat folgende Spiller den Opstig gepackt:

    • Patrick Mousel
    • Tom Schoenhofen
    • Guy Schumacher
  • 1982

    Saison 1981 / 1982

    Enter Mr. President: Jos Bellot

    No zéng Joer un der Spëtzt vum Veräin huet de Jean Strasser de Posten als President opginn an d'Leedung vum Veräin un ee méi Jonken iwwerginn: de Jos Bellot. Dat sollt sech als eng gutt Wiel erausstellen; de Jos sollt d'Geschécker vum Veräin fir eng laang Zäit leeden.

    De Jean Strasser ass zum éischten Éierepresident ernannt ginn.


    De Gilbert Godart ass neie Sekretär, an de François Bingen neie Keessjee ginn.


    Zu Lenneng "Op der Bréck" am Gebai vun der Caisse Rurale ass een neie Spillsall fir de Veräin ageriicht ginn. Elo war Plaz fir zwee Dëscher, esou datt och

  • 1983

    Saison 1982 / 1983

    Eng véiert Equipe

    De René Wies ass aus dem Virstand ausgetrueden.


    Un der Meeschterschaft hunn véier Seniorsequippen deelgeholl, an déi néi véiert Equipe ass och direkt opgestigen.


    Als Spiller sinn nei derbäi komm:

    • Alphone Federspiel
    • Mike Molitor
    • Henri Schumacher
  • 1983

    Fusioun

    Amicale Lenneng

    Den 10. Juni 1983 hunn de Lennenger Dëschtennisveräin an den Theaterveräin "Eneg a Frou" ënnert dem Numm "Amicale Lenneng" fusionéiert.


    De Jos Bellot huet als President vum Dëschtennisveräin d'Presidentschaft vun der Amicale iwwerholl.

  • 1984

    Saison 1983 / 1984

    Fir déi kleng Lennenger

    Mam Claude Hoffmann gouf ee neien Trainer engagéiert.


    Championnat Equippen
    Seniors 4
    Minimes 1

    An der Minimmes-Equipe hu gespillt:

    • Monique Wolff
    • Thierry Hermann
    • Malou Scholtes
    • Alphonse Federspiel

    Als néi Spiller sinn nach derbäi komm:

    • Christiane Federspiel
    • Patricia Strasser
    • Sonja Strasser
    • Roland Wolff
  • 1985

    Saison 1984 / 1985

    Éischt Divisioun

    Veier Seniorsequippen hunn um Championnat deelgeholl.


    Lenneng I ass mat folgende Spiller an d'éischt Divisioun opgestigen:

    • Jean Barten
    • John Grün (Nei)
    • Guy Schumacher
    • Henri Schumacher
    • Richard Thill
    • Marcel Weydert

    Lenneng II ass mat folgende Spiller an d'zweet Divisioun opgestigen:

    • Charles Barten
    • Jos Bellot
    • François Bingen
    • Corry Schmitz
    • Georges Schmitz
    • Marcel Weydert
  • 1986

    Saison 1985 / 1986

    Ofstig

    De Charles Barten huet de Veräi verlooss an de John Grün konnt Beruffsbédengt net um Championnat deelhuelen.

    Esou sinn dann all d'Seniorsequipen aus hirer Divisioun ofgestigen.


    Championnat Equippen
    Seniors 3
    Scolaires 1
  • 1987

    Saison 1986 / 1987

    Weideren Ofstig

    Un der Meeschterschaft hunn dräi Seniorsequippe deelgeholl.


    Lenneng II ass an d'véiert Divisioun ofgestigen.

  • 1988

    Saison 1987 / 1988

    Eng nei Generatioun

    Als Jugendtrainer gouf de Claude Dording agestallt.


    Championnat Equippen
    Seniors 2
    Dames 1
    Jeunes 1
    Minimes 2

    Lenneng I konnt mat folgende Spiller erëm an d'éischt Divisioun opsteigen:

    • Jean Barten
    • Jos Bellot
    • Guy Schumacher
    • Richard Thill
    • Marcel Weydert

    Eis Dammenequipe huet mat folgende Spiller gespillt:

    • Ilona Molitor
    • Nicole Schumann
    • Sylvie Strasser
    • Monique Wolff

    Als nei Jugendspiller sinn derbäi komm:

    • Tania Bocquet
    • Jean - Marc Buchholtz
    • Jeroen van der Hoef
    • Christian Holzmann
    • Claude Kohll
    • Ilona Molitor
    • Yves Scholtes
    • Claude Sibenaler
    • Yves Sibenaler
  • 1989

    Saison 1988 / 1989

    Emigratioun

    Vill Spiller hunn de Veräi verlooss.


    Championnat Equippen
    Seniors 3
    Dames 1
    Minimes 1
  • 1990

    Saison 1989 / 1990

    Schwéier Zäiten

    Duerch déi vill Abgänge hat de Veräin d'Zréckstufung vu béide Seniorsequippe beantragt.

    Leider konnt ee weideren Ofstig vun der éischter Equippe net verhënnert ginn, esou datt Lenneng I bannen enger Saison zwou Divisioune gefall ass.


    Championnat Equippen
    Seniors 2
    Jeunes 1
  • 1991

    Saison 1990 / 1991

    Duerchgereecht

    Nei Memberen am Virstand:

    • Jeroen van der Hoef
    • Marc Rippinger

    D'Zuel vun de Memberen am Veräin ass op zwanzeg Leit gesonk.


    Lenneng I ass an d'véiert Divisioun ofgestigen.


    Championnat Equippen
    Seniors 2
    Jeunes 1

  • 1992

    Saison 1991 / 1992

    Stabiliséierung

    All d'Equippen konnten sech an hire jeeweilegen Divisiounen halen.


    Championnat Equippen
    Seniors 2
    Jeunes 1
    Jeunes Filles 1

    D'Jeunes Filles ass mat folgende Spillerinnen op der éischter Plaz an hirer Divisioun gelant:

    • Brigitte Buchholz
    • Tania Bocquet
  • 1992 - 1994

    Stabiliséierung (cont.)

    De Guy Schumacher huet de Sekretärsposten iwwerholl.


    Championnat Equippen
    Seniors 3
    Jeunes 1
  • 1994 - 1998

    Stabiliséierung (cont.)

    Folgend Leit sinn nei am Virstand opgeholl ginn:

    • Claude Kohll
    • Yves Scholtes
    • Patrick Strasser

    D'Nicole Schoenhofen huet de Sekretärsposten iwwerholl.


    D'Memberszuel louch weiderhi bei niddregen eenanzwanzeg.


    Un der Meeschterschaft hunn dräi Seniorsequippen deelgeholl.

  • Saison 1998 / 1999

    Nei Spiller

    De Veräin huet mat dräi Seniorsequippen un der Meeschterschaft deelgeholl.


    Lenneng I ass mat folgende Spiller an d'drëtt Divisioun opgestigen:

    • Jos Bellot
    • François Bingen
    • Jean - Marc Buchholtz
    • Patrick Mousel

    Lenneng II ass mat folgende Spiller an d'véiert Divisioun opgestigen:

    • Christian Holzmann
    • Patrick Ley
    • Yves Scholtes
    • Patrick Strasser

    De Veräin konnt och endlech erëm nei Spiller ophuelen:

    • Gilles Bellot
    • Marc Biwer
    • Marc Bles
    • Onofrio Fanelli
    • Patrick Ley
    • Reinaldo Lopes
    • Patrick Tomat
  • Saison 1999 / 2000

    A Wëllems

    D'Sportshal zu Kanech, de Centre Culturel a Sportif "A Wëllems", gouf ageriicht.


    Mat der moderner Hal hunn sech ongeaante Méiglechkeeten opgedoen an de neie Spillsall zu Kanech sollt ee Wendepunkt an der Geschicht vum Dësch - Tennis Lenneng ginn.


    Dräi nei Memberen sinn am Virstand opgeholl ginn:

    • Peggy Andring
    • Tania Bocquet
    • Greg Scholtes

    Championnat Equippen
    Seniors 5
    Jeunes 1

    D'Jeunes-Equipe huet sech mat folgende Spiller déi éischt Plaz an hirer Divisioun erkämpft:

    • Gilles Bellot
    • Onofrio Fanelli
    • Greg Hild
    • Reinaldo Lopes

    Leider sinn déi zwou éischt Seniors-Equipe ofgestigen.


    Lenneng III konnt awer mat folgende Spiller an d'fënneft Divisioun opsteigen:

    • Gilles Bellot
  • Saison 2000 / 2001

    Wuesstum

    D'positiv Entwecklung geet weider. De Veräin wiist op fofzeg Memberen.


    Den Arlindo de Sousa huet d'Trainerteam verstäerkt.


    Un de Meeschterschaften hunn insgesamt zwielef Equippen deelgeholl.


    Lenneng II huet mat folgende Spiller den Opstig an d'véiert Divisioun gepackt, ouni een eenzege Punkt ofzeginn!

    • Tania Bocquet
    • François Bingen
    • Yves Scholtes
    • Christian Holzmann
    • Patrick Strasser

    Folgend nei Spiller sinn dem Veräin bäigetrueden:

    • Claire Bles
    • Michel Neves
    • Nadine Neyens
    • Sarah Raparoli
    • Tania Rauen
    • Sarah Roth
    • Annick Schartz
    • Joelle Schartz
  • Saison 2001 / 2002

    Val Langehegermann

    De Val Langehegermann huet den Arlindo de Sousa als Trainer ofgeléist. Mam Val koumen dann och déi éischt Kontakter an d'Tschechesch Republik ...


    Lenneng I ass Meeschter an der véierter Divisioun ginn, an als an drëtt Divisioun opgestigen.


    Lenneng IV ass an d'fënneft Divisioun opgestigen.


    Championnat Equippen
    Seniors 6
    Jugend 4
  • Saison 2002 / 2003

    Éischt Schiidsriichter

    De Gilles Bellot an de Marc Thill goufen vun der FLTT als Dëschtennis-Schiidsriichter ausgebilt.


    Leider konnt d'éischt Equipe sech net an der drëtter Divisioun halen an ass an d'véiert Divisioun zréck gefall.


    Lenneng III gouf Meeschter an der fënnefter Divisioun, an ass also an d'véiert Divisioun opgestigen.


    Lenneng IV ass zréck an déi läscht Divisioun gefall.


    Championnat Equippen
    Seniors 5
    Jugend 4
  • Saison 2003 / 2004

    Zréck an der drëtter Divisioun

    Nom Récktrëtt vum Nicole Schoenhofen ass de Greg Scholtes neie Keessjee ginn.

    Tania Bocquet ass ebenfalls aus dem Virstand ausgetrueden.


    Lenneng I ass an d'drëtt Divisioun opgestigen.


    Championnat Equippen
    Seniors 5
    Jugend 2
  • Saison 2004 / 2005

    Doppelt Gemoppelt

    De John Hemmen ass dem Virstand bäigetrueden.


    Lenneng II ass an d'drëtt Divisioun opgestigen, domadder huet de Veräin zwou Equippen an der drëtter Divisioun.


    Championnat Equippen
    Seniors 5
    Jugend 3

    Verschidde Jugendspiller hunn de Veräi verlooss. Dräi nei Jugendspiller sinn awer nei derbäi komm:

    • Pol Rischard
    • Jennifer Wies
    • Sherylin Wies
  • Saison 2005 / 2006

    Roueg

    Leider sinn Lenneng II a Lenneng III an déi véiert resp. déi fënneft Divisioun gefall.


    Lenneng IV ass an d'fënneft Divisioun opgestigen.


    Championnat Equippen
    Seniors 5
    Jugend 2

    Nei Jugendspiller:

    • Ambroise Devresse
    • Mathilde Devresse
    • Lara Sibenaler
  • Saison 2006 / 2007

    Elo geet et awer lass!

    Dei virdrun erwäänten Kontakter vum Val Langehegermann an d'Tschechesch Republik sollten, no der Sportshal zu Kanech, zum zweete Glécksfall fir den Dësch - Tennis Lenneng ginn.

    De Veräin huet mam Richard Svab ee professionellen Trainer aus Tschechie fir seng Jugend agestallt.

    De Joel Kox huet Trainerteam als Seniorstrainer nach verstäerkt, esou dass Trainingsangebot insgesamt erweidert gouf. D'Jugendspiller konnten dräi mol pro Woch trainéieren.


    D'Peggy Andring an de John Hemmen sinn aus dem Virstand eraus getrueden, dofir si folgend nei Memberen an de Virstand opgeholl ginn:

    • Tom Hoeser
    • Patrick Ley
    • Charles Lies

    Lenneng II ass erëm an d'drëtt Divisioun opgestigen.

    Lenneng

  • Saison 2007 / 2008

    Regionalmeeschter (C)!

    De Greg Scholtes verléisst de Virstand. De Claude Kohll get neie Keessjee.


    Spiller Kategorie Erfolleg
    Lies Charel C (E) Gold

    Lenneng II ass an d'véiert Divisioun gefall. Well awer gläichzäiteg Lenneng III an d'drëtt Divisioun opgestigen ass, sinn déi zwou Equippen an hire jeeweilegen Divisiounen bliwwen.

    Lenneng V ass an d'fënneft Divisioun opgestigen.


    Championnat Equippen
    Seniors 6
    Jugend 3

    Folgend nei Spiller sin dem Veräin bäigetrueden:

    • Admir Ajdarpasic
    • Alma Ajdarpasic
    • Patrick Cloos
    • Amra Dzogovic
    • Sanela Dzogovic
    • Mike Wohl
    • Sven Wohl
    • Théo Wohl
  • Saison 2008 / 2009

    Vizemeeschter an der Jugend

    Dem Richard Svab säin Engagement dréit schonn éischt Friichten, souwuel bei den Eenzelmeeschterschafte wei och am Championnat.


    Spiller Kategorie Erfolleg
    Cardoso Alain D35 (E) Gold
    Dzogovic Amra Minimes Sëlwer

    De Marc Bles trëtt aus dem Virstand aus, dofir trëtt de Marc Thill dem Virstand bei.


    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 6

    Resultater

    Minimes

    Lenneng I gëtt Vizelandesmeeschter.

    Lenneng II gëtt Meeschter an der véierter Divisioun.

    Cadets

    Lenneng I gëtt Meeschter an der zweeter Divisioun

    Seniors

    Lenneng I steigt an d'zweet Divisioun op.

    Lenneng II fält leider an d'véiert Divisioun zréck.

    Lenneng IV packt den Opstig an d'véiert Divisioun.


    Folgend nei

  • Saison 2009 / 2010

    Landesmeeschter an der Jugend!

    Wei de Richard Svab säin Engagement zu Lenneng ugefaangen hat, hat hien dem Veräi versprach, datt hien d'Jugend aus dem Veräin zu Titele wäert féieren.

    An de Richard huet säi Versprieche gehalen.


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Dzogovic Amra Minimes Filles Gold
    Dzogovic Amra Minimes Filles - D. Gold
    Dzogovic Sanela Minimes Filles - D. Sëlwer
    Ajdarpasic Alma Minimes Filles - D. Sëlwer

    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 6

    Minimes

    Lenneng I erkämpft sech eng respektabel sechst Plaz an der héchster Divisioun.

    Cadets

    Lenneng I gëtt Vizelandesmeeschter!

    Seniors

    Lenneng I steigt no laanger Zäit erëm an d'éischt Divisioun.

    Lenneng II a

  • Saison 2010 / 2011

    Neo?

    No senge grandiosen Erfolleger verléisst de Richard Svab Lëtzebuerg erëm a Richtung Tschechien.

    Säin Nofolger gëtt erëm een Tschech: de Staffek Pavel.


    Den Tom Scholtes fänkt als Jugendspiller beim Dësch - Tennis Lenneng un.


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Dzogovic Amra Dames C - D. Gold
    Dzogovic Sanela Minimes Filles (C) Gold
    Dzogovic Amra Cadettes (C) Sëlwer
    Dzogovic Sanela Minimes Filles Sëlwer
    Dzogovic Sanela Minimes (E) Sëlwer
    Dzogovic Sanela Minimes Filles - D. Sëlwer

    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 6

    Seniors

    Lenneng I fält erëm zréck an d'zweet Divisioun.

    Cadets

    Lenneng I gëtt Distriktmeeschter an der zweeter Divisioun.

    Minimes

    Lenneng I

  • Saison 2011 / 2012

    Sir Charles


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Lies Charel B2 (E) Gold
    Dzogovic Amra Dames - D. (E) Sëlwer

    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 3

    Seniors

    Lenneng III gëtt Disktriktmeeschter an der véierter Divisioun.

    Minimes

    Lenneng II gëtt Distriktmeeschter an der véierter Divisioun.


    Nei Spiller:

    • Elie Renders
    • Elénia Greiveldinger
    • Noah Hammes
    • André Torres Ferreira
    • Ilda Ajdarpasic
  • Saison 2012 / 2013

    Chris Peters


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Peters Chris D Gold

    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 3
  • Saison 2013 / 2014

    Roueg


    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 4

    Nei Spiller:

    • Kain Christmann
    • Neals Christmann
    • José Espinosa
    • Max Hoffmann
  • Saison 2014 / 2015

    Ëmmer nach roueg


    Championnat Equippen
    Seniors 6
    Jugend 5

    Nei Spiller:

    • Raoul Becker
    • Michèle Brandenburger
    • Nuno Goncalves Miranda
    • Niklas Ley
    • Mandy Modert
    • Pit Scholtes
    • Lisa Wagner
  • Saison 2015 / 2016

    Carlo Feltes

    De Carlo Feltes gëtt neien Trainer.

    De Christian Kill gëtt Jugendtrainer.


    De Charel Lies wiesselt op Ettelbréck.


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Peters Chris C (E) Gold
    Peters Chris C - D. Gold
    Scholtes Tom Prémin. - D. Gold
    Becker Raoul D2 (E) Sëlwer
    Hoeser Tom C - D. Sëlwer
    Mousel Patrick C - D. Sëlwer

    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 4

    Jeunes

    Lenneng I gëtt Distriktmeeschter an der zweeter Divisioun.


    Nei Spiller:

    • Bob Apel
    • Alex Lourenco Cardoso
    • Thomas Desmet
    • Vincent Schlink
  • Saison 2016 / 2017

    Den Tom gëtt waakreg!


    De Christian Kill gëtt neien Trainer.

    De Mirko Habel gëtt Jugendtrainer.


    Den Tom Scholtes kënnt bei den 33ten internationale Jugendmeeschterschaften vu Lëtzebuerg op déi 17. Plaz an der Kategorie Minimes.


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Scholtes Tom Minimes Gold
    Scholtes Tom Minimes (E) Sëlwer

    Championnat Equippen
    Seniors 7
    Jugend 4

    Nei Spiller:

    • Nataly Gillen
    • Gabriel van der Hoef
    • Pascal Huppert
    • Shirin Huppert
    • Alexa Moreira
    • Pia Weckering
  • Saison 2017 / 2018

    Jugend - Europameeschterschaft


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Scholtes Tom Minimes (C) Gold
    Scholtes Tom B2 (E) Gold
    Scholtes Tom Minimes Sëlwer
    Scholtes Tom Minimes (E) Sëlwer
    Scholtes Tom Minimes - D. Sëlwer

    Den Tom Scholtes spillt bei der Jugend-Europameeschterschaft zu Cluj, a Rumänien, an der Kategorie "Cadets" mat.

    Am Eenzel verléiert den Tom leider säin éischte Match géint de Szymon Kolasa aus Polen.

    D'Lëtzebuerger Equipe beleet déi 35. Plaz. Den Tom konnt am Doubel ee Match géint Estland gewannen, domadder ass him deen éischte Sig vun engem Lennenger Spiller bei enger Europameeschterschaft gelongen.


    Den Tom Scholtes kënnt bei den 34ten internationale Jugendmeeschterschaften vu

  • Juni 2019

    Saison 2018 / 2019

    Éischten A-Spiller


    Eenzelmeeschterschaften

    Spiller Kategorie Erfolleg
    Gillen Nataly Dames D - D. Gold
    Scholtes Lynn Cadets Filles - D. Gold
    Scholtes Lynn Cadets Mixte - D. Gold
    Scholtes Tom Cadets Mixte - D. Gold
    Wagner Lisa Dames D - D. Gold
    Dzogovic Sanela Dames C Sëlwer
    Scholtes Tom Cadets - D. Sëlwer
    Thill Pol U21 Sëlwer
    Brandenburger Michèle Dames D Bronze
    Brandenburger Michèle Dames D - D. Bronze
    Gillen Nataly Minimes Filles - D. Bronze
    Scholtes Lynn Cadets Filles Bronze
    Thill Pol U21 - D. Bronze
    Wagner Lisa Minimes Filles - D. Bronze
    Weckering Pia Dames D - D. Bronze

    De Yaghoubi

  • Freitag, 7. Juni 2019

    Neien (alen) Numm

    Dësch - Tennis Lenneng


    De 7. Juli huet d'Amicale Lenneng op Virschlag vum Virstand hin beschloss, de Numm vum Veräin an "Dësch - Tennis Lenneng" ze änneren.


    Theaterequipe sollt awer weiderhin ee wichtege Bestanddeel vum Veräi bleiwen.

  • Saison 2019 / 2020

    Éirepromotioun?


    De Gilles Bellot gëtt am Virstand opgeholl an iwwerhëlt d'Sekretariat vum Veräin.


    De Christian Kill iwwerhëlt erëm de Seniorstraining.

    De Mirko Habel bleift weiderhin Jugendtrainer.


    Den Tom Scholtes verléisst de Veräin a Richtung Bäerbuerg.

    De Sule Olaleye wiesselt aus der zweeter franséischer Liga vu Manom op Lenneng. Weider sinn de Michel Neu (vu Biwer) an de Rudy Adamy (Rued) als nei Spiller derbäi komm.


    An dëser Saison huet den DT Lenneng mat rekordverdächtegen 10 Ekippen um Seniors-Championnat Deel geholl.


    Duerch déi weltwäit SARS Covid-19 Kris, gouf d'Saison net fäerdeg gespillt : Zum Zäitpunkt vum Ofbroch vun der Saison war keng

  • Saison 2020 / 2021

    Iwwerliewen an der Éierepromotioun


    De Christian Kill bleift weiderhin Seniorstrainer.

    De Mirko Habel bleift weiderhin Jugendtrainer.


    De Charel Lies gënnt sech eng kleng Paus, a spillt bis op weider kee Ping-Pong méi. Weider hunn eis de Jeroen van der Hoef (Ausland), de Gabriel van der Hoef (Ausland) an de Jean-Gilles Fridrici (Union) verlooss.


    to be continued ...