De Veräin ass ënnert dem Numm Dësch - Tennis Lenneng gegrënnt ginn. De 15. Juni 1971 goufen d'Statuten an d'Gemeng agereecht. De Veräi bestoung aus fofzéng Grënnungsmemberen. De 16. September 1971 gouf de Veräin offiziell vun der Gemeng unerkannt.
Den éischte Virstand vum Veräi war wei follegt zesumme gesat:
D'Grënnung vun engem neie Veräin zu Lenneng gouf net vu jiddwerengem begréisst, virun allem well d'Begeeschterung vun de jugendleche Grënnungsmembere mat engem Stréifeier verglach ginn ass an esou
Den éischte Pingpongsdësch gouf zu Lenneng "Op der Bréck" opgeriicht. Hei ass dann och ënnert der Leedung vum Pierre Warkin an dem Carlo Strasser fläisseg trainéiert ginn.
Well an de Sall "Op der Bréck" awer just een Dësch era gepasst huet, goufen d'Matcher zu Lenneng an der Schoul gespillt
Den éischte Match vum neie Veräin war an der Coupe FLTT géint den DT Olympique Biwer. Dëse Match huet den Dësch - Lenneng mat 2-7 verluer.
Matgespillt haten de Jos Bellot, de Nico Weydert an de Norbert Wies, deen deen Dag och déi zwee eenzeg Matcher fir Lenneng gewonnen hat.
Den éischte Championnatsmatch, gespillt an der Lennenger Schoul, gouf mat 8-2 géint de Weimeschhaff verluer.
Matgespillt haten de Jean Barten, de Pierre Warkin, de Nico Weydert an de Norbert Wies. D'Punkte fir Lenneng haten de Nico Weydert an den Dubbel Barten / Weydert geholl.
Den 2. Oktober konnt d'Ekipp mam Jean Barten, Carlo Strasser, Pierre Warkin a Nico Weydert, mat engem 6-4 iwwert den DT Gonnereng den historesch éischte Sig fir den Dësch - Tennis Lenneng afueren.
Um Enn vun der Meeschterschaft 1971 / 1972 huet d'Ekipp vum Dësch - Tennis Lenneng mat 21 Punkten déi siwent Plaz beluet.
Folgend Spiller goufen agesat:
Fir d'Saison 1972 / 1973 hat de Veräin eng zweet Ekipp ugemellt.
Zousätzlech zu de Spiller vun der vergaangener Saison hu folgend néi Spiller matgespillt: Andrée Alles, Charles Barten, Josette Godart, Marc Godart, Claude Goetzinger, Sylvie Strasser, Marcel Weydert.
Fir d'Saison 1973 / 1974 hat de Veräin déi éischte Kéier zousätzlech eng Dammenekipp ugemellt.
Folgend Spillerinnen hu néi matgespillt: Jeanne Girardi, Nicole Schoenhofen, Viviane Schoenhofen, Monique Schumacher.
Zum fënnefte Gebuertsdag vum Veräin ass eng Coupe mat de Veräiner aus Gonnereng, Gouschteng, Lenneng, Recken, a Wuermer organiséiert ginn.
Eng Seniors- an eng Dammenekipp hunn un der Meeschterschaft Deel geholl.
De Veräi setzt verstäerkt op d'Jugend. De H. Schlink aus Meechtem gëtt den éischte Jugendtrainer vum Dësch - Tennis Lenneng.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 2 |
Jeunes Filles | 1 |
Scolaires | 1 |
An de Jugendmeeschterschaften si folgend Spiller agesat ginn: Patrick Mousel, Corry Schmitz, Georges Schmitz, Nicole Schoenhofen, Tom Schoenhofen, Viviane Schoenhofen, Greg Scholtes, Guy Schumacher, Monique Schumacher, Jean - Marie Warkin.
An de 70er Jore sinn zwecks Opbesserung vun de Finanze vum Veräi vill Zeltfester, ënnert anerem mat dem bekannten Orchester "The Paper Flower", organiséiert ginn.
Den 30. Mäerz 1978 ass et fir déi vill Aarbecht dann och eng Belounung ginn. Den Dësch - Tennis Lenneng huet een éischte gemeinsamen Ausfluch gemaach: Op d'Sonneninsel Palma de Mallorca.
D'Josette Godart gëtt neie Member am Virstand.
Eng Fusioun mat dem Dëschtennisveräin aus Wuermer gëtt vum Virstand ofgeleent.
De villen Training mam H. Schlink huet sech bezuelt gemaach: Op de Jugend - Landesmeeschterschaften huet den Dubbel Guy Schumacher an Tom Schoenhofen déi véiert Plaz erreecht, an ass domadder just knapp un enger Medail gescheitert.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 2 |
Dames | 1 |
Jeunes | 1 |
Jeunes Filles | 1 |
Scolaires | 1 |
Béid Seniorsequippen hunn et gepackt, aus hiren Divisiounen opzesteigen.
Folgend Spiller goufen agesat: Richard Thill, Marcel Weydert, Jean Barten, Jos Bellot, Charles Barten, Tom Schoenhofen, Guy Schumacher, Nico Weydert, Patrick Mousel, Sylvie Strasser,
D'Sylvie Strasser ass an de Virstand opgeholl ginn.
De Marcel Weydert huet an der ganzer Saison kee Match verluer gehat!
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 3 |
Dames | 1 |
Jeunes | 1 |
Scolaires | 1 |
Nei Spiller: Cecile Bellot, Gil Simoes Torres
D'Jeunesequipp huet mat folgende Spiller den Opstig gepackt: Patrick Mousel, Tom Schoenhofen, Guy Schumacher.
No zéng Joer un der Spëtzt vum Veräin huet de Jean Strasser de Posten als President opginn an d'Leedung vum Veräin un ee méi Jonken iwwerginn: un de Jos Bellot. Dat sollt sech als eng gutt Wiel erausstellen; de Jos sollt d'Geschécker vum Veräin fir eng laang Zäit leeden.
De Jean Strasser ass zum éischten Éierepresident ernannt ginn.
De Gilbert Godart ass neie Sekretär, an de François Bingen neie Keessjee ginn.
Zu Lenneng "Op der Bréck" am Gebai vun der Caisse Rurale ass een neie Spillsall fir de Veräin ageriicht ginn. Elo war Plaz fir zwee Dëscher, esou datt
De René Wies ass aus dem Virstand ausgetrueden.
Un der Meeschterschaft hunn véier Seniorsekippen deelgeholl, an déi néi véiert Equipe ass och direkt opgestigen.
Als Spiller sinn nei derbäi komm: Alphone Federspiel, Mike Molitor, Henri Schumacher.
Den 10. Juni 1983 hunn de Lennenger Dëschtennisveräin an den Theaterveräin "Eneg a Frou" ënnert dem Numm "Amicale Lenneng" fusionéiert.
De Jos Bellot huet als President vum Dësch-Tennis d'Presidentschaft vun der Amicale iwwerholl.
Mam Claude Hoffmann gouf ee neien Trainer engagéiert.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 4 |
Minimes | 1 |
An der Minimmes-Equipe hu gespillt: Monique Wolff, Thierry Hermann, Malou Scholtes, Alphonse Federspiel.
Nei Spiller: Christiane Federspiel, Patricia Strasser, Sonja Strasser, Roland Wolff.
Véier Seniorsekippen hunn um Championnat deelgeholl.
Lenneng I ass mat folgende Spiller an d'éischt Divisioun opgestigen: Jean Barten, John Grün (Nei), Guy Schumacher, Henri Schumacher, Richard Thill, Marcel Weydert.
Lenneng II ass mat folgende Spiller an d'zweet Divisioun opgestigen: Charles Barten, Jos Bellot, François Bingen, Corry Schmitz, Georges Schmitz, Marcel Weydert.
De Charles Barten huet de Veräi verlooss an de John Grün konnt beruffsbedéngt net um Championnat deelhuelen.
Esou sinn dann all d'Seniorsekippen aus hirer Divisioun ofgestigen.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 3 |
Scolaires | 1 |
Un der Meeschterschaft hunn dräi Seniorsequippe deelgeholl.
Lenneng II ass an d'véiert Divisioun ofgestigen.
Als Jugendtrainer gouf de Claude Dording agestallt.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 2 |
Dames | 1 |
Jeunes | 1 |
Minimes | 1 |
Lenneng I konnt mat folgende Spiller erëm an d'éischt Divisioun opsteigen: Jean Barten, Jos Bellot, Guy Schumacher, Richard Thill, Marcel Weydert.
Eis Dammenequipe huet mat folgende Spiller gespillt: Ilona Molitor, Nicole Schumann, Sylvie Strasser, Monique Wolff.
Nei Jugendspiller: Als nei Jugendspiller sinn derbäi komm: Tania Bocquet, Jean - Marc Buchholtz, Jeroen van der Hoef, Christian Holzmann, Claude Kohll, Ilona Molitor, Yves Scholtes, Claude Sibenaler, Yves Sibenaler.
Vill Spiller hunn de Veräi verlooss.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 3 |
Dames | 1 |
Minimes | 1 |
Duerch déi vill Abgänge hat de Veräin d'Zréckstufung vu béide Seniorsekippen beantragt.
Leider konnt ee weideren Ofstig vun der éischter Equippe net verhënnert ginn, esou datt Lenneng I bannen enger Saison zwou Divisioune gefall ass.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 2 |
Minimes | 1 |
Nei Memberen am Virstand: Jeroen van der Hoef, Marc Rippinger.
D'Zuel vun de Memberen am Veräin ass op zwanzeg Leit gesonk.
Lenneng I ass an d'véiert Divisioun ofgestigen.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 2 |
Jeunes | 1 |
All d'Ekippen konnten sech an hire jeeweilegen Divisiounen halen.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 2 |
Jeunes | 1 |
Jeunes Filles | 1 |
D'Jeunes Filles ass mat folgende Spillerinnen op der éischter Plaz an hirer Divisioun gelant: Brigitte Buchholz, Tania Bocquet.
De Guy Schumacher huet de Sekretärsposten iwwerholl.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 3 |
Jeunes | 1 |
Folgend Leit sinn nei am Virstand opgeholl ginn: Claude Kohll, Yves Scholtes, Patrick Strasser.
D'Nicole Schoenhofen huet de Sekretärsposten iwwerholl.
D'Memberszuel louch weiderhi bei niddregen eenanzwanzeg.
Un der Meeschterschaft hunn dräi Seniorsekippen deelgeholl.
De Veräin huet mat dräi Seniorsequippen un der Meeschterschaft deelgeholl.
Lenneng I ass mat folgende Spiller an d'drëtt Divisioun opgestigen: Jos Bellot, François Bingen, Jean - Marc Buchholtz, Patrick Mousel.
Lenneng II ass mat folgende Spiller an d'véiert Divisioun opgestigen: Christian Holzmann, Patrick Ley, Yves Scholtes, Patrick Strasser.
De Veräin konnt och endlech erëm nei Spiller ophuelen: Gilles Bellot, Marc Biwer, Marc Bles, Onofrio Fanelli, Patrick Ley, Reinaldo Lopes, Patrick Tomat.
D'Sportshal zu Kanech, de Centre Culturel a Sportif "A Wëllems", gouf ageriicht.
Mat der moderner Hal hunn sech ongeaante Méiglechkeeten opgedoen an de neie Spillsall zu Kanech sollt ee Wendepunkt an der Geschicht vum Dësch - Tennis Lenneng ginn.
Dräi nei Memberen sinn am Virstand opgeholl ginn: Peggy Andring, Tania Bocquet, Greg Scholtes.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 5 |
Jeunes | 1 |
D'Jeunes-Equipe huet sech mat folgende Spiller déi éischt Plaz an hirer Divisioun erkämpft: Gilles Bellot, Onofrio Fanelli, Greg Hild, Reinaldo Lopes.
Leider sinn déi zwou éischt Seniors-Equipe ofgestigen.
Lenneng III konnt awer mat folgende Spiller an d'fënneft Divisioun opsteigen: Gilles Bellot,
D'positiv Entwécklung geet weider. De Veräin wiisst op fofzeg Memberen.
Den Arlindo de Sousa huet d'Trainerteam verstäerkt.
Un de Meeschterschaften hunn insgesamt zwielef Ekippen deelgeholl.
Lenneng II huet mat folgende Spiller den Opstig an d'véiert Divisioun gepackt, ouni een eenzege Punkt ofzeginn: Tania Bocquet, François Bingen, Yves Scholtes, Christian Holzmann, Patrick Strasser.
Nei Spiller: Claire Bles, Michel Neves, Nadine Neyens, Sarah Raparoli, Tania Rauen, Sarah Roth, Annick Schartz, Joelle Schartz.
De Val Langehegermann huet den Arlindo de Sousa als Trainer ofgeléist. Mam Val koumen dann och déi éischt Kontakter an d'Tschechesch Republik ...
Lenneng I ass Meeschter an der véierter Divisioun ginn, an also an drëtt Divisioun opgestigen.
Lenneng IV ass an d'fënneft Divisioun opgestigen.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 6 |
Jugend | 4 |
De Gilles Bellot an de Marc Thill goufe vun der FLTT als Dëschtennis-Schiidsriichter ausgebilt.
Leider konnt d'éischt Ekipp sech net an der drëtter Divisioun halen an ass an d'véiert Divisioun zréck gefall.
Lenneng III gouf Meeschter an der fënnefter Divisioun, ass also an d'véiert Divisioun opgestigen.
Lenneng IV ass zréck an déi läscht Divisioun gefall.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 5 |
Jugend | 4 |
Nom Récktrëtt vum Nicole Schoenhofen ass de Greg Scholtes neie Keessjee ginn. Tania Bocquet ass ebenfalls aus dem Virstand ausgetrueden.
Lenneng I ass an d'drëtt Divisioun opgestigen.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 5 |
Jugend | 2 |
De John Hemmen ass dem Virstand bäigetrueden.
Lenneng II ass an d'drëtt Divisioun opgestigen, domadder huet de Veräin zwou Equippen an der drëtter Divisioun.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 5 |
Jugend | 3 |
Nei Jugendspiller: Pol Rischard, Jennifer Wies, Sherylin Wies.
Leider si Lenneng II a Lenneng III an déi véiert resp. déi fënneft Divisioun gefall.
Lenneng IV ass an d'fënneft Divisioun opgestigen.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 5 |
Jugend | 2 |
Nei Jugendspiller: Ambroise Devresse, Mathilde Devresse, Lara Sibenaler.
Dei virdrun erwäänten Kontakter vum Val Langehegermann an d'Tschechesch Republik sollten, no der Sportshal zu Kanech, zum zweete Glécksfall fir den Dësch - Tennis Lenneng ginn.
De Veräin huet mam Richard Svab ee professionellen Trainer aus Tschechie fir seng Jugend agestallt.
De Joel Kox huet Trainerteam als Seniorstrainer nach verstäerkt, esou dass Trainingsangebot insgesamt erweidert gouf. D'Jugendspiller konnten dräi mol pro Woch trainéieren.
D'Peggy Andring an de John Hemmen sinn aus dem Virstand eraus getrueden, dofir si folgend nei Memberen an de Virstand opgeholl ginn: Tom Hoeser, Patrick Ley, Charles Lies.
Lenneng II ass erëm an d'drëtt Divisioun opgestigen.
Lenneng
De Greg Scholtes verléisst de Virstand. De Claude Kohll get neie Keessjee.
Spiller | Kategorie | Resultat |
---|---|---|
Charel Lies | C | ![]() ![]() |
Lenneng II ass an d'véiert Divisioun gefall. Well awer gläichzäiteg Lenneng III an d'drëtt Divisioun opgestigen ass, sinn déi zwou Ekippen an hire jeeweilegen Divisiounen bliwwen.
Lenneng V ass an d'fënneft Divisioun opgestigen.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 6 |
Jugend | 3 |
Nei Spiller: Admir Ajdarpasic, Alma Ajdarpasic, Patrick Cloos, Amra Dzogovic, Sanela Dzogovic, Mike Wohl, Sven Wohl, Théo Wohl.
Dem Richard Svab säin Engagement dréit schonn éischt Friichten, souwuel bei den Eenzelmeeschterschafte, wéi och am Championnat.
Spiller | Kategorie | Resultat |
---|---|---|
Amra Dzogovic | Minimes | ![]() ![]() |
Lenneng I | Minimes | ![]() ![]() |
De Marc Bles trëtt aus dem Virstand aus, dofir trëtt de Marc Thill dem Virstand bei.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 7 |
Jugend | 6 |
Lenneng I steigt an d'zweet Divisioun op.
Lenneng II fält leider an d'véiert Divisioun zréck.
Lenneng IV packt den Opstig an d'véiert Divisioun.
Nei Spiller: Eric Braun, Alain Francisco Cardoso, Amel Dzogivic, Annette Gaspar, Noah Spanier, Pol Thill, Alexander Thull.
Wei de Richard Svab säin Engagement zu Lenneng ugefaangen hat, hat hien dem Veräi versprach, datt hien d'Jugend aus dem Veräin zu Titele wäert féieren.
An den Trainer huet säi Versprieche gehalen.
Spiller | Kategorie | Resultat |
---|---|---|
Amra Dzogovic | Minimes Filles | ![]() ![]() |
Amra Dzogovic | Minimes Filles - Double | ![]() ![]() |
Lenneng I | Cadets | ![]() ![]() |
Sanela Dzogovic | Minimes Filles - Double | ![]() ![]() |
Alma Ajdarpasic | Minimes Filles - Double | ![]() ![]() |
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 7 |
Jugend | 6 |
Lenneng I steigt no laanger Zäit erëm an d'éischt Divisioun.
Lenneng II a Lenneng III steigen an d'drëtt Divisioun.
Nei Spiller: Ilda Ajdarpasic Emilie Mousel, Luca Spanier, Magdalena Svabova,
No senge grandiosen Erfolleger verléisst de Richard Svab Lëtzebuerg erëm a Richtung Tschechien.
Säin Nofolger gëtt erëm een Tschech: de Staffek Pavel.
Den Tom Scholtes fänkt als Jugendspiller beim Dësch - Tennis Lenneng un.
Spiller | Kategorie | Resultat |
---|---|---|
Amra Dzogovic | Dames C - Doubel | ![]() ![]() |
Sanela Dzogovic | Minimes Filles | ![]() ![]() |
Amra Dzogovic | Cadettes | ![]() ![]() |
Sanela Dzogovic | Minimes Filles | ![]() ![]() |
Sanela Dzogovic | Minimes (Osten) | ![]() ![]() |
Sanela Dzogovic | Minimes Filles - Doubel | ![]() ![]() |
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 7 |
Jugend | 6 |
Lenneng I fält erëm zréck an d'zweet Divisioun.
Nei Spiller: Leo Braun, Lynn Scholtes, Tom Scholtes, Marc Weckering, Jana Welter.
Spiller | Kategorie | Resultat |
---|---|---|
Charel Lies | B2 (Osten) | ![]() ![]() |
Amra Dzogovic | Dames - Dubbel (Osten) | ![]() ![]() |
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 7 |
Jugend | 3 |
Nei Spiller: Elie Renders, Elénia Greiveldinger, Noah Hammes, André Torres Ferreira, Ilda Ajdarpasic.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 7 |
Jugend | 4 |
Nei Spiller: Kain Christmann, Neals Christmann, José Espinosa, Max Hoffmann.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 6 |
Jugend | 5 |
Nei Spiller: Raoul Becker, Michèle Brandenburger, Nuno Goncalves Miranda, Niklas Ley, Mandy Modert, Pit Scholtes, Lisa Wagner.
De Carlo Feltes gëtt neien Trainer.
De Christian Kill gëtt Jugendtrainer.
De Charel Lies wiesselt op Ettelbréck.
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 7 |
Jugend | 4 |
Nei Spiller: Bob Apel, Alex Lourenco Cardoso, Thomas Desmet, Vincent Schlink.
De Christian Kill gëtt neien Trainer.
De Mirko Habel gëtt neie Jugendtrainer.
Den Tom Scholtes kënnt bei den 33ten internationale Jugendmeeschterschaften vu Lëtzebuerg op déi 17. Plaz an der Kategorie Minimes.
Spiller | Kategorie | Resultat |
---|---|---|
Tom Scholtes | Minimes | ![]() ![]() |
Tom Scholtes | Minimes | ![]() ![]() |
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 7 |
Jugend | 4 |
Nei Spiller: Nataly Gillen, Gabriel van der Hoef, Pascal Huppert, Shirin Huppert, Alexa Moreira, Pia Weckering.
Spiller | Kategorie | Resultat |
---|---|---|
Tom Scholtes | Minimes - Krit. | ![]() ![]() |
Tom Scholtes | B2 (Osten) | ![]() ![]() |
Tom Scholtes | Minimes | ![]() ![]() |
Tom Scholtes | Minimes | ![]() ![]() |
Tom Scholtes | Minimes - Dubbel | ![]() ![]() |
Den Tom Scholtes spillt bei der Jugend-Europameeschterschaft zu Cluj, a Rumänien, an der Kategorie "Cadets" mat.
Am Eenzel verléiert den Tom leider säin éischte Match géint de Szymon Kolasa aus Polen.
D'Lëtzebuerger Ekipp beleet déi 35. Plaz. Den Tom konnt am Doubel ee Match géint Estland gewannen, domadder ass him deen éischte Sig vun engem Lennenger Spiller bei enger Europameeschterschaft gelongen.
Den Tom Scholtes kënnt bei den 34ten internationale Jugendmeeschterschaften vu Lëtzebuerg
De Yaghoubi Mohsen gëtt neien Trainer.
Den Tom Scholtes gëtt den éischten A-Spiller vum Dësch - Tennis Lenneng.
Den Tom Scholtes spillt bei der Jugend-Europameeschterschaft zu Ostrava an der Kategorie "Cadets" mat.
Him geléngt do ee Sig am Doubel géint Georgien.
Den Doubel mam Melisa Sadikovic géint Wäissrussland, dee leider mat 2-3 verluer gouf, konnt live op LaoloTV vun der ETTU verfollegt ginn.
Insgesamt ergatteren d'Spiller vum Dësch-Tennis Lenneng 15 Medailen: 5
---
3
---
7
De Veräin trëtt mat 17 Ekippen am Championnat un!
Championnat | # |
---|---|
Seniors | 8 |
Dammen | 1 |
Jugend | 8 |
Nei Spiller: Eric Nothum, Hannah van Zijl
De 7. Juli 2019 huet d'Amicale Lenneng op Virschlag vum Virstand hin beschloss, de Numm vum Veräin an "Dësch - Tennis Lenneng" ze änneren.
Theaterekipp sollt awer weiderhin ee wichtege Bestanddeel vum Veräi bleiwen.
De Gilles Bellot gëtt an de Virstand opgeholl, an iwwerhëlt d'Sekretariat vum Veräin.
De Christian Kill iwwerhëlt erëm de Seniorstraining.
De Mirko Habel bleift weiderhin Jugendtrainer.
Den Tom Scholtes verléisst de Veräin a Richtung Bäerbuerg.
De Sule Olaleye wiesselt aus der zweeter franséischer Liga vu Manom op Lenneng. Weider sinn de Michel Neu (vu Biwer) an de Rudy Adamy (Rued) als nei Spiller derbäi komm.
An dëser Saison huet den DT Lenneng mat rekordverdächtegen 10 Ekippen um Seniors-Championnat Deel geholl.
Duerch déi weltwäit COVID-19 Kris, gouf d'Saison net fäerdeg gespillt : Zum Zäitpunkt vum Ofbroch vun der Saison war keng
De Pit Scholtes gëtt Vizeregionalmeeschter
bei de Minimes.
Bedéngt duerch COVID-19, dréit d'Welt och zu Lenneng méi lues. Et gouf kee Championnat gespillt, an och déi meescht Manifestatiounen goufen ofgesot.
De Charel Lies gënnt sech eng kleng Paus, a spillt bis op weider kee Ping-Pong méi. Weider hunn eis de Jeroen van der Hoef (Ausland), de Gabriel van der Hoef (Ausland) an de Jean-Gilles Fridrici (Union) verlooss.
De Carlo Feltes iwwerhëlt erëm de Seniorstraining.
De Jugendtraining gëtt vum Olga Nemes geleet.
No der Hironn nach iwwert dem Stréch, fält Lenneng I no der Réckronn an déi éischt Divisioun. Trotz ville Corona-Ausfäll, spillt de Veräi nach mat 8 Ekippen an der Seniorsmeeschterschaft mat.
D'Sanela Dzogovic gëtt Vize-Landesmeeschterin
an der C-Kategorie.
Den Tom Hoeser, de Patrick Ley an den Yves Scholtes trieden aus dem Virstand aus. Si gi vum Michèle Brandenburger, Sanela Dzogovic, an dem Chris Peters ersat. De Chris Peters iwwerhëlt d'Leedung vum sportleche Beräich.
De Colin Heow (Däitschland) gëtt neien Trainer zu Lenneng. A senger Vita stinn, ënnert anerem, eng Meeschterschaft mam DT Hueschtert-Folscht (BDO League), an een Engagement beim TTC Zugbrücke Grenzau (Bundesliga).
Den Yves Scholtes trëtt vum Récktrëtt zréck, an iwwerhëlt erëm d'sportlech Leedung vum Veräin. De Greg Hild lancéiert mam BeerTasting eng nei Manifestatioun.