No zéng Joer un der Spëtzt vum Veräin huet de Jean Strasser de Posten als President opginn an d'Leedung vum Veräin un ee méi Jonken iwwerginn: un de Jos Bellot. Dat sollt sech als eng gutt Wiel erausstellen; de Jos sollt d'Geschécker vum Veräin fir eng laang Zäit leeden.

De Jean Strasser ass zum éischten Éierepresident ernannt ginn.

De Gilbert Godart ass neie Sekretär, an de François Bingen neie Keessjee ginn.

Zu Lenneng "Op der Bréck" am Gebai vun der Caisse Rurale ass een neie Spillsall fir de Veräin ageriicht ginn. Elo war Plaz fir zwee Dëscher, esou datt och d'Championnatsmatcher an dësem Sall konnte gespillt.

Championnat

Seniors

3

Dames

1

Scolaires

1

Leider huet den Tom Schoenhofen als hoffnungsvoll Talent den Deschtennissport opginn.

Als néi Spiller sinn derbäi komm: Bernard Croisé, Robert Croisé, Lucien Muller, Cor Schmitz.