Den 3. Mäerz 1957 goufen dann zu Lenneng déi éischt dräi Theaterstécker opgefouert.
Dës waren:
E puer Woche méi spéit, de 24. Mäerz 1957 hunn dräizéng Lennenger Jongen ee Veräi gegrënnt, mat dem Ziel fir Komerodschaft an Eenegkeet ze festegen a fir de Leit aus dem Duerf all Joer mat hiren Theateropféierungen e puer schéin a gemittlech Stonnen ze bereeden.
Grënnungsmemberen waren:
An der Zäit tëschent 1957 a 1961 huet de nei gegrënnte Veräin véier Theaterstécker mat Gesang a Musek opgefouert.
Dës waren:
Am Abrëll 1959 gouf déi nei Schoul mat groussem Festsall a Präsenz vun den Häre Ministere Pierre Grégoire (CSV) an Émile Schaus (CSV) am Greiweldengerwee ageweit.
1969 iwwerhëlt den Erny Weber d'Presidentschaft vum Veräin an ass och an där Zäit Regisseur bei den Theateropféierungen.
An de 70er Joren iwwerhëlt de Jos Faack wärend etleche Joren d'Presidentschaft vum Veräin. Ënnert senger Regie gi munch Theaterstécker zu Lenneng an zu Betzder am Institut St. Joseph opgefouert.
An den 80er Joren hat de Veräi ganz vill Succès mat zwee Stécker vum Marie - Josée Chaussy.
Gespillt goufen:
Den 10. Juni 1983 hunn de Lennenger Dëschtennisveräin an den Theaterveräin ënnert dem Numm "Amicale Lenneng" fusionéiert.
President ass zënterhier de Jos Bellot.
1989 gouf d'Theaterstéck "D'Bebi mécht dat schonn" opgefouert.
1991 gouf d'Theaterstéck "Emol Aanescht" opgefouert.
Am Joer 1992 huet d'Theaterequipe "De Stenz" opgefouert.
D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.
Am Joer 1993 huet d'Theaterequipe d'Stéck "Dat léift Geld", geschriwwe vum Cecile Bellot, opgefouert.
Am Joer 1994 ass d'Theatersteck "Emol Aanescht 2" opgefouert ginn.
Am Joer 2001 huet d'Theaterequipe d'Stéck "Sief dach net esou domm!" opgefouert.
D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach online gekuckt ginn.
Am Joer 2003 ass d'Theatersteck "D'Bom schéit zou" opgefouert ginn.
An de Joren 2004 an 2005, huet d'Theaterequipe vum Dësch - Tennis Lenneng Sketcher gespillt a Playback gesongen.
D'Opféierunge si gefilmt ginn, a kënnen och haut nach gekuckt ginn.
Am Joer 2006 ass d'Theaterstéck "De Beichtstull", ee lëschtegen Dreiakter vum Josy Christen, opgefouert ginn.
D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach online gekuckt ginn.
Am Joer 2007 ass d'Theaterstéck "De Spartacus" opgefouert ginn.
D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach online gekuckt ginn.
Bei de Feierlechkeeten zum 50. Gebuertsdag vum Theaterveräin Eeneg a Frou, huet de President Jos Bellot ervirgehuewen, datt d'Visioun vum Veräin sech och deene nächste 50 Joer net sollt änneren: Et gëllt dofir ze suergen, dat eis Lëtzebuerger Traditiounen a Brauchtümer, an d'Lennenger Eegenaart, erhale a weider lieweg bleiwen.
Am Joer 2009 huet d'Amicale Lenneng fir d'éischte Kéier zënter siechzéng Joer erëm ee Stéck vum Cecile Bellot, engem Member vum Veräin, opgefouert: "Hopp a Fort".
Zënterhier spillt d'Theaterequipe all Joer ee Stéck vum Cecile Bellot.
D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach online gekuckt ginn.
Am Joer 2010 ass d'Theaterstéck "Stopp den Hopp", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
D'Original Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach online gekuckt ginn.
Am Joer 2011 ass d'Theaterstéck "Eng Fein Famill", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
Am Joer 2012 sinn d'Theaterstécker "Eng Affaire um Belair", "Blo Drauwen" an "Hei Ass Et Net Schéin, lëschteg Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach online gekuckt ginn.
Am Joer 2013 ass d'Theaterstéck "Konveniat", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
Am Joer 2014 ass d'Theaterstéck "De Monni Josy", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
Am Joer 2015 ass d'Theaterstéck "D'Päischtcroisière", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.
Am Joer 2016 ass d'Theaterstéck "Vu Wandmillen a Wandbeidelen", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.
Am Joer 2017 ass d'Theaterstéck "Et Gi Vill Schéi Männer Op Der Welt", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.
Am Joer 2018 ass d'Theaterstéck "Hochzäit", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.
Am Joer 2019 ass d'Theaterstéck "Antidepressiva", ee lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot, opgefouert ginn.
D'Opféierung ass gefilmt ginn, a kann och haut nach gekuckt ginn.
De 7. Juli 2019 huet d'Amicale Lenneng op Virschlag vum Virstand hin beschloss, de Numm vum Veräin op "Dësch - Tennis Lenneng" ze änneren. Theaterekipp sollt awer weiderhin ee wichtege Bestanddeel vum Veräi bleiwen.
Nieft enger neier Websäit, déi virun Allem d'traditionell Manifestatiounen vum Veräin ervirhiewen sollt, huet den Dësch - Tennis Lenneng eng Streaming - Plattform, TheaterFlix, an d'Liewe geruff, déi d'Membere vum Veräin notze kënnen, fir eng grouss Auswiel vun Theaterstécker nach eng Kéier online ze kucken.
Duerch déi weltwäit SARS-CoV-2 - Pandemie, konnt am Fréijoer 2020 keen Theater gespillt ginn. Och eis aner Manifestatioune sinn ausgefall.
No zwee Joer Paus (COVID-19), féiert den Dësch-Tennis Lenneng nees een Theaterstéck vum Cecile Bellot op.