Den Dësch - Tennis Lenneng ass den 2. Februar 1971 gegrënnt ginn, an hëlt zënter der Saison 1971 / 1972 um Championnat vun der FLTT deel. Am Joer 1983 ass aus der Vereenegung vum Dësch - Tennis Lenneng an dem de 24. Mäerz 1957 gegrënnten Theaterveräin „Eeneg a Froh“ d’Amicale Lenneng entstanen. Zënterhier spillt de Veräin souwuel Dësch - Tennis wéi och Theater. Obwuel de Veräin sech säit dem 7. Juni 2019 erëm einfach Dësch - Tennis Lenneng nennt, ass a bleift den Theater weiderhin ee wichtege Bestanddeel vum Veräin.
Sport, Kultur an Traditioun
Nieft der sportlecher Missioun vum Veräin, iwwerhëlt den Dësch - Tennis Lenneng weider eng wichteg Roll am kulturelle Liewen vun der Gemeng Lenneng. Mir organiséieren mat Begeeschterung traditionell Fester am Laf vum Joer . Zum Schluss vum Wanter bréngt d’Buergbrennen, ronderëm d’Feier vun der Buerg, Jonk an Al zesummen. National Feierdag si mir ëmmer präsent an iwwerhuelen een Deel vun de Feierlechkeeten. Am Hierscht hu mir traditionell op d’Fiederwäissenfest beim ale Wäschbur am Duerfkär invitéiert. 2021 gouf dëst Fest awer duerch d'Hierschtfest ersat. Zënter 2018 Joer organiséieren mir am Dezember de Quizmas, en interessanten Quiz - Owend , wou mat grousser Begeeschterung ganz vill Leit mat roden an denken. Am Fréijoer all Joer ass et dann un der Theaterekipp vum Dësch - Tennis Lenneng fir d’Leit vun no a wäit an de Lennenger Festsall ze lackelen. Zum Ofschloss vun der Saison invitéiert de Veräi seng Membere am Summer op d'Bëschfest , fir beim Roby an dem Aline hirer Bud am Lennenger Bësch zesummen eppes z'iessen an ze drénken, an e puer flott Stonnen a gemittlecher Atmosphär an der Natur ze verbréngen.
Gesond Basis
D'Visioun vum Dësch - Tennis Lenneng ass sportlechen Erfolleg, opgebaut op enger gesonder a natierlech gewuessener Basis, déi fest am traditionellen Duerfliewe vun der Gemeng Lenneng verankert ass.
Kontakt
Falls Dir Froen zu eisem Veräin hutt, fäert net, fir mat eis a Kontakt ze trieden.