Nieft der sportlecher Missioun vum Veräin, iwwerhëlt den Dësch - Tennis Lenneng weider wichteg Rollen am kulturelle Liewen vun der Gemeng Lenneng. Mir organiséieren mat Begeeschterung traditionell Fester am Laf vum Joer. Zum Schluss vum Wanter bréngt d’Buergbrennen, ronderëm d’Feier vun der Buerg, Jonk an Al zesummen. National Feierdag si mir ëmmer präsent an iwwerhuelen een Deel vun de Feierlechkeeten. Am Hierscht invitéieren mir op d’Fiederwäissenfest beim ale Wäschbur am Duerfkär. Zënter zwee Joer organiséieren mir am Dezember en interessanten Quiz - Owend , wou mat grousser Begeeschterung ganz vill Leit mat geroden hunn. Am Fréijoer all Joer ass et dann un der Theaterequipe vum Dësch - Tennis Lenneng fir d’Leit vun no a wäit an de Lennenger Festsall ze lackelen. Zum Ofschloss vun der Saison, invitéiert de Veräi seng Membere am Summer op d'Bëschfest , fir beim Roby an dem Aline hirer Bud am Lennenger Bësch zesummen eppes z'iessen an ze drénken, an e puer flott Stonnen a gemittlecher Atmosphär an der Natur ze verbréngen.
Wann Dir Froen zu eise Manifestatiounen hutt oder är Ideen wëllt mat abrengen, fäert net, fir eis ze kontaktéieren!
Iwwersiicht
Daten vun eise Manifestatiounen an der Saison 2019 / 2020:
Manifestatioun | Datum |
---|---|
Bëschfest | 20. Juli 2019 |
Fiederwäissen | 29. September 2019 |
Quiz | 21. Dezember 2019 |
Buergbrennen | 29. Februar 2020 |
Theater | Ofgesot |
Turnéier | Ofgesot |
Generalversammlung | Ofgesot |