De Brauch
Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg deen dora besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent, och Buergsonndeg genannt, e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d'Verbrenne vum Wanter duerstellt.
Eise Veräi këmmert sech ëm d'Organisatioun vum Buergsonndeg. Woche virdru sammele mir Chrëschtbeemercher an Holz vun de Lennenger Leit an, fir domat d'Buerg ze bauen. Dat Holz gëtt dann zu engem Kräiz zesummegebonnen a mat Stréi oder anerem brennbare Material ëmwéckelt, an dann um Cosmo sengem Bierg opgeriicht. Buergsonndeg selwer dann, gëtt ee Fakelzuch zesummegestallt, deen da géint der Owend vum Festsall aus, d'Buerg ufänke geet.
Fir déi méi duuschtereg Leit, gëtt bei der Buerg Glühwäin zerwéiert, wärend et am Festsall zu Lenneng eisen traditionellen Ierbsebulli ze gëtt.
An der Zäit hunn d'Baueren a Wënzer aus dem Duerf vum Buergbrenne profitéiert fir d'Wieder am Virsummer virauszesoen:
"Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, sou geet en de ganze Virsummer".
Etymologie
Experten no huet d'Wuert "Buerg" näischt mat enger "Buerg" am haitege Sënn ze dinn, mä geet op dat laténgescht Verb "burere", also "brennen" zréck. Sou geet een och dovun aus, datt d'Traditioun vum Buergbrennen op d'Neijoerschfester am antike Roum zréckgeet, wou d'Joer mam 1. Mäerz ugaangen ass. Mä och schonn eis Virfahren, déi virun de Réimer hei zu Lenneng gelieft hunn, hunn de Brauch vum Buergbrennen géint Enn Februar Ufank Mäerz als Ofschloss vum Wanter gefeiert. Aneren Interpretatioune no hunn eis Virfahren d'Buergbrenne gefeiert fir d'Gëtter, a Verbindung mat Déierenaffer, ëm e gudde Karschnatz ze bieden.
Kontakt
Wann Dir Froen zum Buergbrennen hutt oder är Ideen wëllt mat abrengen, fäert net, fir eis ze kontaktéieren!