Fiederwäissen

Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit, Den Himmel Wäin ons mëcht.

Ech wees net, wat ass dat?

Fiederwäissen ass neie Wäin , deen nach an der Gärung ass. De Fiederwäisse gëtt et gemenkerhand kuerz nodeems d'Lies ugefaangen huet, also géint Enn September, uganks Oktober an duerno fir ongeféier dräi Wochen. Beim Kelteren vun den Drauwen entsteet Moscht. Am Moscht entstinn da frësch Hiefen déi den Zocker, deen am Moscht enthalen ass, vergären. Dobäi entsteet Alkohol a Kuelesaier. D'Hiefen, déi ausgesi wéi Millioune butzeg Plommen, ginn dem Wäin déi wäiss Faarf an och den Numm.

Trotz dëser Faarf an deem fruuchtegen, aromatesche Goût kann een net méi vun Drauwejus schwätzen: Den neie Wäi besteet aus 9 % Alkohol, deen duerch d'Kuelesaier relativ séier an d'Blutt transportéiert gëtt.

D'Gärung dauert normalerweis zwou bis dräi Woche bis de Wäin säin typeschen Aroma entwéckelt huet. Awer schonn no 10 Deeg schmaacht e séiss a fruuchteg. D'Gärung leeft sou laang bis d'Zockerreschter am Moscht alleguer vergäert sinn. Duerno gëtt de Wäi lues a lues ëmmer méi kloer an d'Hiefe setze sech um Fong of.

Am Prinzip kënnen all Wäinzorten als Fiederwäissen profitéiert ginn. Zu Lenneng gëtt traditionell, wéinst sengem typeschen Aroma, de Rivaner geholl.

Gesonde Wäin fir Gesond Leit

De Fiederwäissen, mat Verstand gedronk, wierkt sech och positiv op d'Gesondheet aus. Seng B1 - a B2 – Vitaminnen suerge fir eng reng Haut, e frëschen Teint a schéin Hoer. Ausserdeem botzt en d'Blutt an en entschlaakt de Kierper.

Fiederwäissen zu Lenneng

Am Hierscht invitéiert den Dësch - Tennis Lenneng op d’Fiederwäissenfest beim ale Wäschbur am Duerfkär, fir zesummen dee neie Fiederwäissen ze schmaachen . Dobäi gëtt et dann ee gutt Stéck Fleesch vum Grill oder ee Stéck Zwiwwelstaart.

Kontakt

Wann Dir Froen zum Fiederwäissen hutt oder är Ideen wëllt mat abrengen, fäert net, fir eis ze kontaktéieren!