Quiz - Owend

Cogitare!

Em Chrëschtdag invitéiert de Veräin seng Sponsoren souwéi aner Veräiner, Firmen a Privatleit aus der Gemeng op ee Quiz - Owend. Hei entscheet sech dann, wien säi Gehir iwwer d'ganzt Joer am beschten trainéiert huet.

Den Architekt vun dësem interessanten Owend ass den Eric Nothum , deen no ville Joren Erfarung als Organisateur vu Quiz - Owenter fir den FC Syra Menster , am Wanter 2016 deen éischte Quiz - Owend vum Dësch - Tennis Lenneng organiséiert huet. Elo ass un eis, an un Iech, fir datt dëse Quiz - Owend sech als kulturell Traditioun an der Lennenger Gemeng etabléiert.

Natierlech gëtt um Quiz - Owend, entspriechend der Traditioun vum Veräin, och eppes Guddes ze iessen a vill ze drénken .

Kontakt

Wann Dir Froen zum Quiz - Owend hutt oder är Ideen wëllt mat abrengen, fäert net, fir eis ze kontaktéieren! Mir géifen eis besonnesch iwwer Virschléi fir nei Kategorien oder Quizfroe freeën.

Kategorien

Allgemengwëssen

Entertainment

Geographie

Geschicht

Lëtzebuerg

Natur an Ëmwelt

Sport

Wëssenschaft