Quizmas

Cogitare!

Em Chrëschtdag invitéiert de Veräin seng Sponsoren souwéi aner Veräiner, Firmen a Privatleit aus der Gemeng op ee Quiz - Owend. Hei entscheet sech dann, wien säi Gehir iwwer d'ganzt Joer am beschten trainéiert huet.

Den Architekt vun dësem interessanten Owend ass den Eric Nothum , deen no ville Joren Erfarung als Organisateur vu Quiz - Owenter fir den FC Syra Menster , am Wanter 2016 deen éischte Quiz - Owend vum Dësch - Tennis Lenneng organiséiert huet. Elo ass et un eis, an un Iech, fir datt dëse Quiz - Owend sech als kulturell Traditioun an der Lennenger Gemeng etabléiert.

Natierlech gëtt um Quiz - Owend, entspriechend der Traditioun vum Veräin, och eppes Guddes ze iessen a vill ze drénken .

Kontakt

Wann Dir Froen zum Quiz - Owend hutt oder är Ideen wëllt mat abrengen, fäert net, fir eis ze kontaktéieren! Mir géifen eis besonnesch iwwer Virschléi fir nei Kategorien oder Quizfroe freeën.

Kategorien

Allgemengwëssen

Geographie a Geschicht

Konscht, Literatur an Entertainment

Lëtzebuerg

Media

Natur an Ëmwelt

Sport

Wëssenschaft