All Joer am Fréijoer ass et un der Theaterequipe vum Dësch - Tennis Lenneng fir d’Leit vun no a wäit an de Lennenger Festsall ze lackelen. Eis Equipe besteet aus enger gudder Dose Leit, déi mat vill Asaz a mat grousser Begeeschterung vir an hannert der Bühn hiert Bescht ginn fir dem Publikum e puer frou a lëschteg Stonnen ze bidden.
Am Mäerz 1957 huet e Grupp vu Lennenger Leit den Theaterveräin „Eeneg a Frou“ gegrënnt. Mir droen dësen Numm houfreg weider a versichen him gerecht ze bleiwen. Mir sinn eis all eens, datt et sech lount, sech z’engagéieren fir d‘Leit frou ze maachen an si un d’Laachen ze kréien. Wa mir zum Schluss vun engem Theaterowend op der Bühn stinn an de begeeschterten Applaus vum Publikum héieren, da wësse mir, datt et sech gelount huet, déi vill Owender vu Prouwen a Kaf ze huelen.
Awer och bei de Prouwen si mir meeschtens „eeneg a frou“. Kleng Meenungsverschiddenheeten ginn fair ausdiskutéiert, awer virun allem sinn des Owender gezeechent vun der Freed, entspaant kënnen zesummen ze sinn. An eiser Ekipp si jonk a manner jonk Leit an ee feiert deen aneren un, nach ëmmer besser beim Theaterspillen ze ginn. De respektvollen Ëmgang mateneen dréit mat zu eisem Erfolleg bei.
Eis verschidden Charakteren a Fäegkeeten kommen am Theaterspill duerch déi op all eenzel Persoun passend geschriwwe Rollen gutt eraus. Do hu mir déi grouss Chance, datt eis Theaterstécker zënter Joren all hausgemaach sinn ewell se vum Cecile Bellot, engem Member vum Veräin geschriwwe ginn.
Mir hunn all Joer fënnef Theateropféierungen am Festsall zu Lenneng. D’Nofro vun de Leit ass grouss, d’Plazen gi ganz séier fort, esou dat fir d’Zukunft weider Opféierungen an der Diskussioun sinn. Nieft de Lennenger Opféierungen, droe mir och all Joer zu Gréiwemaacher am Altersheim mat vill Freed virun engem net manner begeeschterten Publikum eist Theaterstéck vir.
Eist gutt Zesummespill, dat häerzhaft Laachen vun de Leit, hiren decken Applaus an hir meeschtens ganz positiv Kommentaren ginn eis Recht an eisen gemeinsamen Beméiungen, e Stéck frout an eenegt Lennenger Liewen nach laang oprecht ze erhalen.
Kontakt
Wann Dir Loscht hutt, och eng Kéier mat eis op der Bühn ze stoen, oder einfach eis Theaterequipe ënnerstëtze wëllt, dann zeckt net, mat eis a Kontakt ze trieden!
Theater B.C.
Fir méi iwwert d'Traditioun vum Theater - Veräin "Eeneg a Frou" gewuer ze ginn, kuckt an eis Chronik.
TheaterFlix an Online - Shop
Wann Iech een Theaterstéck besonnesch gutt gefall huet, kënn Dir Iech et an eisem Shop och kafen, op DVD oder einfach als digitalen Download.
Als Member vum Dësch - Tennis Lenneng kënnt Dir d'Opféierunge vun eiser Theaterequipe och online kucken. Falls Dir d'Login-Date vergiess sollt hunn, da schreift eng E-Mail un: