Antidepressiva

En lëschtegt Theaterstéck an dräi Akte vum Cecile Bellot.

Handlung

Zéng Mënschen, déi et alleguer op déi eng oder aner Manéier schwéier hunn, am Liewen eens ze ginn, grënnen eng WG. Awer esou einfach an esou schéin, wei dat alles am Ufank sech ugesinn huet, gëtt et natierlech net. D'Zesummeliewen vun dësen zéng komplett verschiddene Leit erweist sech als ganz schwiereg.

Nach eng Kéier kucken!

Buttek

Wann Iech d'Theaterstéck besonnesch gutt gefall huet, kenn Dir Iech et an eisem Shop och kafen, op DVD oder einfach als digital Datei.

Theaterflix

Als Member vum Dësch - Tennis Lenneng kënnt Dir d'Opféierungen vun eiser Theaterequipe och online kucken.

Kontakt

Mir freeën eis iwwer all Bemierkungen zu eisem Theaterstéck, zéckt also net, eis ze kontaktéieren!

Et hu matgespillt

Cecile Bellot Germaine Baltes

Eng onzefridden, granzeg, béisaarteg Fra, déi sech fir gescheit an hiren Ugen an all déi aner fir domm hält.

Jos Bellot Johnny Deville

E rockegen, rauen, gutt erhalene Senior, deen op senger Harley Davidson versicht als Freebiker dem Alter an der Vergänglechkeet dervun ze rennen.

François Bingen Dr. Bobo Bruch

En Allgemengmedeziner

Tania Gelhausen Marianne Hart

D'Marianne ass esou eppes op säi Mini-Erfolleg als Gesangsduo mam Michel konzentréiert, datt hat net matkritt, dat hir Zäit scho laang eriwwer ass.

John Hammes Michel Hart

De Michel ass e Fraleitsgeck, e Charmeur, dee versicht bei all Framënsch ënner 50 unzekommen.

Martine Krier Maria Antunes Dos Santos Ferreira

Eng resolut a gewetzten portugisesch Fra, déi kierzlech gescheet ginn ass an elo botze goe muss.

Arlette Michely Félicie Klein

Eng eeler Joffer, déi ganz schlecht ewech komm ass, wei nom Dout vun hiren Elteren gedeelt ginn ass.

Heng Sibenaler Ugen Baltes

E geduckte Männchen, deen komplett ënnert der Schlapp vu senger Fra steet a nach ni eng eege Meenung geäussert huet.

Mandy Strasser Cindy Mueller

Eng iwwerflächlech Tussi, eng Pëppchen, déi bei "Next Topmodel" ageschriwwen ass an awer nach virdrun e puer Retusche well gemaach kréien.

Marc Thill Bulli

Eng aarmséileg a verkomme Gestalt, e Mënsch, dee privat a berufflech vill Pech am Liewen hat, op d'schif Bunn geroden ass an elo op der Strooss lieft.

Saskia Wagner Adrienne Lenz

Eng schnippesch, agebilten Dokteschsekretärin, déi sech fir d'Aarbecht ze schued ass an zielstrebeg eng Karriäre als Model usteiert.

CR7 as himself

Dee Beschten an dee Schéinsten.

Teaser

Wat d'Leit iwwer Antidepressiva ze soen hunn?

Johnny "Rock 'n' Roll" Devil: "Keep cool, girlie!" <3
Dat aalt knaddert awer och andauernd #BomaBaltes
#ClubdesChômeurs Bulli, Du bass ee Virbild fir eis all!
@Bulli Hei sténkt et no Kiwwel!
Wann ech mat Anti géif spillen, hätt ech och Depressiounen! #Däiwelsjos
@Bulli @Thillchen Gei dach einfach schaffen, sou wei all normale räiche Lëtzebuerger!
Den Dokter heescht jo Bobo. A Bruch! Wat een Zoufall, hie konnt jo guer keen anere Beruff wielen!
Who the f**k is Messi? @CR7
#BulliBatsch Wann's du dech elo net gëss, du däregt Hénkel, da batschen ech dir eng, dat d'Kozen an denger Nues poléiert ginn!

E puer Fotoe vun eisen Opféierungen