D'Geschicht spillt elo an eiser Zäit. De Fons Müller ass ee Wënzer, dee kuerz virum Ënnergoen ass. Fir säin Betrib ze retten, wëllt hien onbedéngt ee vu sengen zwee Meedercher mam Jemp Dimmer, engem onattraktive Jonggesell, awer decken a räiche Wënzer, bestueden. Déi zwee Meedercher, d'Liss an d'Caroline, hu schonn e gewëssen Alter an et gëtt Zäit fir si fir sech ze bestueden. De Fons ass Witmann, seng Schwéiermamm, d'Louise, wunnt awer nach mat am Stot. Si sëtzt ëmmer an der Stuff, schéngt net méi vill matzekréien, spëtzt awer d'Oueren, seet ni eppes zu kengen, kuckt keen un, knoutert ëmmer nëmme virun sech. Am Fons sengem Betrib schafft den Theo, en e bëssen eefällegen Aarbechter, dee ganz heemlech en A ob d'Liss geheit huet - an hat ob hien. D'Liss ass vu senger Erscheinung a sengem Optrieden hir schwéier un de Mann ze bréngen. Hat schafft doheem am Stot an am Betrib. D'Caroline studéiert scho laang zu Bordeaux Wäinwëssenschaften. Do huet hat de Charles Spencer, Earl of Nothing, kennegeléiert, ee räichen engleschen Adelegen. D'Caroline an d'Liss wieren sech mat Hänn a Féiss géint de schmierege Jemp. Awer de Fons hellt ob d'Bestietnes mam Jemp, bis zu deem Moment, wou d'Caroline him seet, datt hat schonn esou gutt wéi verloobt ass mat dem steeräiche Charles, Earl of Nothing, mat engem nach méi steeräichen an dichtege Papp, dem Sir Henry, Duke of Morethannothing.
D'Geschicht hëlt hire Laf.