Päischtcroisière

En lëschtegt Theaterstéck an dräi Akten vum Cecile Bellot.

Handlung

D'Stéck handelt vun de Schicksaler an Erliefnisser vun eenzelne Leit, déi sech aus verschidde Grénn entschloss hunn, un der Päischtcroisière deelzehuelen.

Nach eng Kéier kucken!

Buttek

Wann Iech d'Theaterstéck besonnesch gutt gefall huet, kenn Dir Iech et an eisem Shop och kafen, op DVD oder einfach als digital Datei.

Theaterflix

Als Member vum Dësch - Tennis Lenneng kënnt Dir d'Opféierungen vun eiser Theaterequipe och online kucken.

Kontakt

Mir freeën eis iwwer all Bemierkungen zu eisem Theaterstéck, zéckt also net, eis ze kontaktéieren!

Et hu matgespillt

Jos Bellot Alfred

Dem Eugenie säi geschloene Mann. Hien ass säi Liewe laang net bäi senger Fra zum Zuch komm an huet sech lues a lues sengem ongléckleche Schicksal erginn.

Jean - Marc Buchholtz Jack

En Luftikus ouni Schaff, schléit sech einfach esou duerch d'Liewen. Hien huet sech elo als "blinder Passagier" op d'Schëff geschmuggelt.

Tania Gelhausen Rose

Eng Fra, déi fir d'xte Kéier vun de Männer enttäuscht ginn ass. Si ass elo grad erëm solo, an et ass awer 5 fir 12 fir si.

Elenya Greiveldenger Nora

Dat Jéngst vun dem Chantal senge dräi Meedercher, ass frech wéi Dreck, besonnesch mat senger Mann.

John Hammes Bausti

De musikaleschen Stëmmungsmacher vum Schëff. No baussen muss hien de lëschtege Musikant spillen, bannendran gesäit et awer ganz anescht bäi him aus.

Martine Krier Chantal

Eng gescheeten Fra, Mamm vun dräi Meedercher. Si gëtt net méi eens am Liewen, kréit et net méi gemeeschtert.

Arlette Michely Eugenie

Eng energesch Fra, déi alles weess, alles kann, alles gesäit an zu allem eppes ze soen huet.

Pia Schloesser Babsi

D'Animierdame an Bardame vum Schëff.

Heng Sibenaler Viktor

Den e bëssen tolpaschegen éischte Steward vum Schëff.

Mandy Strasser Dora

Dem Chantal säi Meedchen. Total genervt vun der Mamm.

Marc Thill Baron Georges Florent de Roththilld

E Baron, deen eng Konschtgalerie an der Stad huet an awer virum Ruin steet. Hien ass verzweiwelt an gräift no all Stréihallem.

Saskia Wagner Cora

Dat Eelst vun dem Chantal senge Meedercher. Kréit geschwënn 18 Joer a well nëmmen eent: Doheem eraus!