D'Joffer Sauber Marie - Hélène fënnt et un der Zäit hir Testament ze schreiwen. Si war zu Paräis am Déngscht an huet do ganz vill Sue vun hirem Déngschthär geierft. Si ass eng opgeblosen Tutsch, den Räichtum ass hir an de Kapp geschloen, an si mengt, si géing iwwert allem an jiddwerengem stoen. Si weess wat gutt a wat schlecht ass, si huet hir Reegelen vun engem moralesch gudde Liewen a wéilt dat jiddereen esou funktionéiert. Si wunnt an enger grousser Villa, eleng mat hirem Butler, dem Jean, deen alles muss fir si erleedegen. D'Joffer Sauber huet véier Neveuen, de Nic, de Pir, de Luss an den Heng, déi dermat rechnen, dat si hir Tatta eng Kéier beierwen. D'Tatta huet beschloss, hiert ganzt Verméigen deemjéinege vun hiren Neveuen ze vermaachen, deen et an hiren Aen och verdéngt huet: Nämlech mat engem moralesch awandfräie Liewen, mat geuerdente Familljeverhältnisser, mat enger feiner Fra a léiwen Kanner, alles wei et soll sinn ... op alle Fall kee Fleck um Hiem no bausse siichtbar.
An esou hellt d'Geschicht hire Laf.