D'Maisy, d'Nelly, d'Carole an d'Dany sinn jiddwereng op hir Manéier onzefridde mat hirem Liewen. Déi véier enttäuschte Fraen maachen sech zesummen op eng weit Sich no dem richtegen Liewen, no der richteger Léift, no dem richtege Partner. Hir Rees féiert si a vill Ecken vun der Welt, si begéinen allerlee Mënschen a si erliewen allerlee Situatiounen. Si kucken, lauschteren, staunen, léieren, stelle fest, genéissen a kommen mat Wallisse voller Andréck, Erënnerungen an Dreem erëm Heem a musse kucken dermat eens ze ginn.