Et ass e Stéck aus der gudder aler Zäit. D'Geschicht spillt tëschent 1950 a 1960, also eng Zäit, déi nëmmen een Deel vun eis als Kanner, Jonker oder Erwuessener mat erlieft huet. Et ass d'Geschicht vun zwou Bauerefamillen, déi versichen ënnert de Liewenskonditioune vun deemools weider ze kommen. Dem Abbes, engem räiche Klennenger Bauer, feelt et net u Suen, mä un Eedemen. Déi zwéin Eelst vu senge véier Meedercher si ganz schwéier un de Mann ze kréien, déi zwee Jéngst schloen hir eege Weeër an. D'Wirsch, eng energesch Fra vu Maacher huet 2 liddereg Jongen ouni Wuppes an e Betrib, dee geschwënn d'Baach a geet. D'Wirsch probéiert eng duebel Hellecht op der Musel: wann seng Jongen dem Abbes seng Meedercher géinge bestueden, wier jiddwerengem gehollef. Dem Abbes steet also eng duebel Hochzäit an d'Haus. Awer ier et esou wäit ass ....