Hochzäit

En lëschtegt Theaterstéck an dräi Akte vum Cecile Bellot.

Handlung

Et ass e Stéck aus der gudder aler Zäit. D'Geschicht spillt tëschent 1950 a 1960, also eng Zäit, déi nëmmen een Deel vun eis als Kanner, Jonker oder Erwuessener mat erlieft huet.

Et ass d'Geschicht vun zwou Bauerefamillen, déi versichen ënnert de Liewenskonditioune vun deemools weider ze kommen.

Dem Abbes, engem räiche Klennenger Bauer, feelt et net u Suen, mä un Eedemen. Déi zwéin Eelst vu senge véier Meedercher si ganz schwéier un de Mann ze kréien, déi zwee Jéngst schloen hir eege Weeër an.

D'Wirsch, eng energesch Fra vu Maacher huet 2 liddereg Jongen ouni Wuppes an e Betrib, dee geschwënn d'Baach a geet. D'Wirsch probéiert eng duebel Hellecht op der Musel: wann seng Jongen dem Abbes seng Meedercher géinge bestueden, wier jiddwerengem gehollef.

Dem Abbes steet also eng duebel Hochzäit an d'Haus. Awer ier et esou wäit ass ....

Nach eng Kéier kucken!

Buttek

Wann Iech d'Theaterstéck besonnesch gutt gefall huet, kenn Dir Iech et an eisem Shop och kafen, op DVD oder einfach als digital Datei.

Theaterflix

Als Member vum Dësch - Tennis Lenneng kënnt Dir d'Opféierungen vun eiser Theaterequipe och online kucken.

Kontakt

Mir freeën eis iwwer all Bemierkungen zu eisem Theaterstéck, zéckt also net, eis ze kontaktéieren!

Et hu matgespillt

Cecile Bellot Gréit

Dem Abbes seng Paräisser Schwëster. Ass eng agebilten domm Toz, déi mengt, wat se wier.

Jos Bellot Abbes

E Klennenger Bauer, deens ech gutt steet. Witmann mat véier Meedercher. Här am Haus, am Stall an op der Gewann.

Tania Gelhausen Jeanne

Dem Abbes säin zweet Meedchen. Hat ass verbattert well hat mat sengem déck drësseg Joer nach kee Mann fonnt huet.

John Hammes Batti

Ee Lidderhanes ouni Wuppes.

Martine Krier Marjänni

Dem Abbes säin eelst Meedchen. Ass net grad mat Gescheitheet geseent.

Arlette Michely Wirsch

Dem Dëmmi an dem Batti hir resolut Mamm. Si huet de Wuppes, deen hire Jonge feelt.

Heng Sibenaler Jhempi

Den alen, knouteregen awer gewëtzte Kniet.

Mandy Strasser Finny

Dem Abbes säi véiert Meedchen. Geet nach an d'Schoul. Ass eng kleng, frech Hex an iergert seng Schwësteren, wou hat kann.

Marc Thill Dëmmi

Ee Lidderhaness ouni Wuppes.

Saskia Wagner Jett

Dem Abbes säin drëtt Meedchen. Wëllt aus dem traditionelle Bauere-System ausbriechen a fräi vun allem sinn.

Teaser

Wat d'Leit iwwer d'"Hochzäit" ze soen hunn?

Sief dach net esou domm! @Marjänni
Mat dat ass jo Buttek a Pak dat elo! Fréier war dat awer net esou! #HärAmHimmel
Allohool ass ëmmer eng Léisung! #Abbes #HomerJS
Déi Kou ass esou domm wei ee Marjänni. #Déiereschutz
Eng Zora ass dach ee Fësch, oder? #Zelda
Dëmmi géi dach eppes schaffen, du Bulli!

E puer Fotoe vun eisen Opféierungen