Hopp a Fort

E lëschtegen Dreiakter vum Cecile Bellot

Den Johny Hopp plangt e Coup fir dat grousst Geld ze maachen an sech dann a Südamerika ofzesetzen. D'Tania ass Feier a Flam fir do matzemaachen, ewell hat mengt de Johny wéilt hat mathuelen an dann do bestueden. Mee de Johny profitéiert just vun him an denkt net drun, hat matzehuelen. Den Johny huet eng schéin an deier Rees fir eeler Leit ugebueden: zwou Wochen ob der Cote d'Azur zu Cannes an engem Luxushotel mat extra Ariichtung a Programm fir eeler Leit. Déi Vakanz zu Cannes am Hotel ass awer guer net vum Johny bis zum Schluss geplangt. D'Rees geet just mam Bus bis Nanzeg. Do stellt e Kolleg vum Johny, den him nach eppes schëlleg ass vun enger anerer krommer Saach, seng Brasserie fir déi éischt Kaffispaus mat der Reesgesellschaft zur Verfügung. Wärend dem Kaffi setzt den Johny d'Leit duerch ee Schlofmëttel fir eng Zäit laang ausser Gefecht, wëllt se "pleimen" a sech dann duerch d'Bascht maachen. Hien huet awer d'Rechnung ouni d'Leit gemaach ...

Et hu matgespillt

Johny Hopp

De Chef vum Reesbüro "Hopp a Fort".

Tanja Nuss

Dem Johny seng Sekretärin.

Monique de la Haie

Eng eeler Dame, déi emol eng Kéier räich an dichteg war.

Maurice - Pierre de la Haie

Der Madamm Haie hire Fils.

Jos Grimm

En alen, räichen an awer schrecklech knéckegen Jonggesell.

Marechen Strasser

Eng Fra kuerz no der Pensioun, déi hiert ganz Liewen geschafft huet an sech endlech eppes leeschte wëll.

Loulou Lafleur

Eng Dame, déi hir beschte Joren hannerun sech huet an dat awer net well wouer hunn.

Marcel Klein

Der Madamm LaFleur hire derzäitegen Amant.

Cecile Lacaf

Eng eeler, pensionéiert Joffer, déi mengt wat si wier.

Wat d'Leit iwwer dës Theaterstéck ze soen hunn?

@Hopp Du Sohn einer herzensguten Frau!

TheaterFlix Teaser