En lëschtegt Theaterstéck an dräi Akte vum Cecile Bellot.
Handlung
Enges Daags fält engem Mann seng ganz Welt zesummen, hien verléiert wéinst der Krise seng Aarbecht an domat seng unerkannten Plaz an der Gesellschaft. Seng Famill an hien mussen vun haut ob muer ob hiren Wuelstand an hiren héijen Liewensstandard verzichten.
D'Haus muss verkaaft ginn an de Mann a seng Famill musse wuel oder iwwel bei de Monni ob d'Land zéien, an d'Duerf, wou de Germain hir ass. De Monni ass en "Eigenbrödler", hien lieft zréck gezunn a senger Welt, hält u Vergaangenem fest, wiert sech géint all dat "modernt Gemech".
An elo trëfft modern an almoudesch, jonk an al, séier a lues, gëscht an haut ob eneen an do knuppt et, bis ob emol awer eng Léisung fonnt gëtt, wou jiddereen dermat zefridden ass.
Nach eng Kéier kucken!
Buttek
Wann Iech d'Theaterstéck besonnesch gutt gefall huet, kenn Dir Iech et an eisem Shop och kafen, op DVD oder einfach als digital Datei.
Theaterflix
Als Member vum Dësch - Tennis Lenneng kënnt Dir d'Opféierungen vun eiser Theaterequipe och online kucken.
Kontakt
Mir freeën eis iwwer all Bemierkungen zu eisem Theaterstéck, zéckt also net, eis ze kontaktéieren!