Stopp den Hopp

En lëschtegt Theaterstéck an dräi Akte vum Cecile Bellot.

Handlung

Wéi et dem John Hopp zu Nanzeg bal un de Pelz geet, schléit hie vir d'éischt de Polizist Marc Gross aus dem Spill, duerno seng Frëndin d'Martine, wat Proprietärin vum Bistro ass, an dann och seng zweet Frëndin, d'Tania. Et geléngt him a leschter Minutt, sech duerch d'Bascht ze maachen.

Zréck bleiwen eng ganz Rei rose Leit. E puer vun hinne schnallen nach ëmmer net, wat gescheit ass, awer déi meescht wëllen sech fir den ellene Coup um Hopp rächen.

Si entwéckelen zesummen eng Strategie, wéi si den John Hopp kenne blouss stellen ...

Nach eng Kéier kucken!

Buttek

Wann Iech d'Theaterstéck besonnesch gutt gefall huet, kenn Dir Iech et an eisem Shop och kafen, op DVD oder einfach als digital Datei.

Theaterflix

Als Member vum Dësch - Tennis Lenneng kënnt Dir d'Opféierungen vun eiser Theaterequipe och online kucken.

Kontakt

Mir freeën eis iwwer all Bemierkungen zu eisem Theaterstéck, zéckt also net, eis ze kontaktéieren!

Personnagen

Johny Hopp

De Chef vum Reesbüro "Hopp a Fort".

Tanja Nuss

Dem Johny seng Sekretärin.

Martine Lafayette

Dem John seng Frëndin vun Nanzeg.

Monique de la Haie

Eng eeler Dame, déi emol eng Kéier räich an dichteg war.

Maurice - Pierre de la Haie

Der Madamm Haie hire Fils.

Jos Grimm

En alen, räichen an awer schrecklech knéckegen Jonggesell.

Marechen Strasser

Eng Fra kuerz no der Pensioun, déi hiert ganz Liewen geschafft huet an sech endlech eppes leeschte wëll.

Loulou Lafleur

Eng Dame, déi hir beschte Joren hannerun sech huet an dat awer net well wouer hunn.

Jean - Marc Klein alies Marc Gross

Den derzeitegen Amant vun der Madamm LaFleur.

Cecile Lacaf

Eng eeler, pensionéiert Léierin, déi mengt wat si wier.

Marc Ripp

En héijen Polizei Kommissär, de virun allem haart jäizen kann.

Bianca

Eng Léif an hëllefsbereet Coiffeuse.

Teaser

Wat d'Leit iwwer dës Theaterstéck ze soen hunn?

@Hopp, du Sohn einer herzensguten Frau!