Sponsor Ginn
Fir datt eise Veräin sech sportlech nach weider entwéckele kann a fir datt mir och all eis Manifestatiounen all Joer ëmmer erëm organiséiere kënnen, an am Duerfliewen esou aktiv kënne sinn, brauche mir är Ënnerstëtzung. Dofir schonns am Viraus villmools Merci am Numm vun all eise Spiller an dem Virstand vum Veräin.
Gesond Basis
Wann Dir eis ënnerstëtzt, ënnerstëtzt Dir eis Visioun vu sportlechem Erfolleg, opgebaut op enger gesonder a natierlech gewuessener Basis, déi fest am traditionellen Duerfliewe vun der Gemeng Lenneng verankert ass.
Sponsormapp
Et gi vill Méiglechkeete fir eis ze ënnerstëtzen: Eng Iwwersiicht iwwer all méiglech Sponsorangebote fann Dir méi ënnen op dëser Säit. Méi Detailer fann Dir an eiser Sponsormapp oder an dëser Online - Presentatioun. Am Zweiwelsfall sinn d'Informatiounen an der Sponsormapp ëmmer déi richteg. Wann Dir scho wësst, wei Dir eis wëllt ënnerstëtzen, kënnt Dir direkt de Formular aus der Sponsormapp, oder och gären dëst Online - Formular ausfëllen.
Kontakt
Falls Dir Froen zu der Sponsormapp oder ärem Sponsoring - Engagement hutt, da fäert net, fir eis ze kontaktéieren!