Eng Iwwersiicht iwwer d’sportlech Aktivitéite vum Veräin.
Dréckt “no ënnen” fir weider ze liesen.
Dréckt “no riets” fir bei dat nächst Kapitel ze kommen.
Den Dësch - Tennis Lenneng ass den 2. Februar 1971 gegrënnt ginn, an hëlt zënter der Saison 1971 / 1972 um Championnat vun der FLTT deel.
Am Joer 1983 ass aus der Vereenegung vum Dësch - Tennis Lenneng an dem de 24. Mäerz 1957 gegrënnten Theaterveräin „Eeneg a Froh“ d’Amicale Lenneng entstanen.
Zënterhier spillt de Veräin souwuel Dësch - Tennis wéi och Theater.
Obwuel de Veräin sech säit dem 7. Juni 2019 erëm einfach Dësch - Tennis Lenneng nennt, ass a bleift den Theater weiderhin ee wichtege Bestanddeel vum Veräin.
Wei all Veräin, huet och den Dësch - Tennis Lenneng a senger elo bal fofzegjäreger Geschicht, säit senger Grënnung, Héichten an Déifte matgemaach.
Säit der Aweiung vum Centre Culturel „A Wëllems“ zu Kanech, erlieft de Veräin ee kontinuéierlechen Opschwonk an ass an dëser Dekad esou erfollegräich gewiescht wei nach ni.
Mam Richard Svab als Trainer koum déi éischt grouss Erfollegwell.
Den Dësch - Tennis Lenneng stellt zënterhier reegelméisseg verschidde Landesmeeschter, Vize - Lan-desmeeschter a Regionalmeeschter, souwuel bei den Equippen ewéi och am Eenzel analle Jugendkategorien.
Ënnert deem aktuelle Jugendtrainer Mirko Habel, gëtt déi erfollegräich Aarbecht fortgesat an de Veräin ass stolz mam Tom Scholtes ee vun deenen hoffnungsvollsten Talenter aus dem Land ausgebilt ze hunn.
Duerch déi gutt Jugendaarbecht an d’Erweiderung vum professionellen Training op de Seniorsberäich, ass de Veräi sportlech breet opgestallt an huet esou vill staark Spiller a senge Reien, wéi nach ni.
Aktuell huet den Dësch - Tennis Lenneng néngasiechzeg lizenzéiert Spiller, déi sech a siwenanzwanzeg Jugendspiller, drësseg Senioren a Veteranen an zwielef Fräizäitspiller opdeelen.
An der vergaangener Saison 2018 / 2019 war eise Veräin mat aacht Seniorsequippen, aacht Jugendequippen an enger Dammenequipe vertrueden.
Besonnesch erfreelech ass, datt den Dësch - Tennis Lenneng mëttlerweil mindestens eng Equipe an all Divisioun, vun der éischter bis an déi sechst, huet, sou dass och all Spiller d’Méiglechkeet huet, sech an engem frëndlechen Ëmfeld an an aller Rou kontinuéierlech ze verbesseren.
Mam Charel Lies als Kapitän a Leader vun enger jonker Equipe mat Lennenger Jugendspiller, dem Admir Ajdarpasic, dem Tom Scholtes an dem Pol Thill - mat Hëllef vum Vincent Schlink - konnt den Dësch - Tennis Lenneng an der Saison 17/18 den Opstig an d’éischt Divisioun feieren.
Nom Opstig huet déi jonk Equipe sech direkt gutt an der neier Divisioun zurechtfonnt an huet eng gutt Mëttelfeldpositioun beluecht.
Elo gëllt et, mat nach besseremTraining, dee nächste Schrëtt ze maachen an den Opstig an d’Éierepromotioun an Ugrëff ze huelen.
Dësch - Tennis ass ee schwéieren, intensiven a séiere Sport, dee vu senge Spiller, wéi all Sportaart, Asaz, Konzentratioun, Konditioun a Fairness verlaangt.
Den Dësch - Tennis fuerdert besonnesch eng gutt Athletik, Beweeglechkeet a Reflexer souwéi eewaache Geescht fir Spillsituatioune schnell z’erkennen a schnell reagéieren ze kënnen.
Dat Schéinst un eisem Sport ass awer, dass jiddereen, vu klengem un bis an den héijen Alter, Spaass um Spille kann hunn.
Bal all Spilldag gesäit een ee Match tëschent engem talentéierte Jugendspiller an engem erfuerene Veteran.
Naturgeméiss fuerdert den Dësch - Tennis deemno Frëndschaften an erlaabt Spiller vun all Alter sech zesummenzefannen a sportlech mee och geselleg Momenter zesummen z’erliewen.
Fir datt eise Veräin sech sportlech nach weider entwéckele kann a fir datt mir och all eis Manifestatiounen all Joer ëmmer erëm organiséiere kënnen an am Duerfliewen esou aktiv kënne sinn, brauche mir är Ënnerstëtzung.[/fragment]
Dofir schonns am Viraus villmools Merci am Numm vun all eise Spiller an dem Virstand vum Veräin.
Jos Bellot | President |
Yves Scholtes | Sport |
François Bingen | Jugend |
Cecile Bellot | Theater |
Gilles Bellot | Sekretär |
Marc Weckering | Member |
Greg Hild | Member |
Tom Hoeser | Member |
Claude Kohll | Member |
Patrick Ley | Member |
Marc Thill | Member |
Eng Iwwersiicht iwwer d’sportlech Aktivitéite vum Veräin.
Dréckt “no ënnen” fir weider ze liesen.
Dréckt “no riets” fir bei dat nächst Kapitel ze kommen.
Dréckt “no lenks” fir bei dat Kapitel vu virdru zréck ze kommen.
Nieft der sportlecher Missioun vum Veräin, iwwerhëlt den Dësch - Tennis Lenneng weider wichteg Rollen am kulturelle Liewen vun der Gemeng Lenneng.
Mir organiséieren mat Begeeschterung traditionell Fester am Laf vum Joer.
Zum Schluss vum Wanter bréngt d’Buergbrennen, ronderëm d’Feier vun der Buerg, Jonk an Al zesummen.
National Feierdag si mir ëmmer präsent an iwwerhuelen een Deel vun de Feierlechkeeten.
Am Hierscht invitéieren mir op d’Fiederwäissenfest beim ale Wäschbur am Duerfkär.
Zënter zwee Joer organiséieren mir am Dezember en interessanten Quiz - Owend, wou mat grousser Begeeschterung ganz vill Leit mat geroden hunn.
Am Fréijoer all Joer ass et dann un der Theaterequipe vum Dësch - Tennis Lenneng fir d’Leit vun no a wäit an de Lennenger Festsall ze lackelen.
Zum Ofschloss vun der Saison, invitéiert de Veräi seng Membere am Summer op d’Bëschfest, fir beim Roby an dem Aline hirer Bud am Lennenger Bësch zesummen eppes z’iessen an ze drénken, an e puer flott Stonnen a gemittlecher Atmosphär an der Natur ze verbréngen.
Am Mäerz 1957 huet e Grupp vu Lennenger Leit den Theaterveräin „Eeneg a Frou“ gegrënnt.
Mir droen dësen Numm houfreg weider a versichen him gerecht ze bleiwen.
Eis Equipe besteetaus enger gudder Dose Leit, déi mat vill Asaz a mat grousser Begeeschterung vir anhannert der Bühn hiert Bescht ginn fir dem Publikum e puer frou a lëschteg Stonnenze bidden.
Mir sinn eis all eens, datt et sech lount, sech z’engagéieren fir d‘Leit frou ze maachen an si un d’Laachen ze kréien.
Wa mir zum Schluss vun engem Theaterowend op der Bühn stinn an de begeeschterten Applaus vum Publikum héieren, da wësse mir, datt et sech gelount huet, déi vill Owender vu Prouwen a Kaf ze huelen.
Och bei de Prouwen si mir meeschtens „eeneg a frou“.
Kleng Meenungsverschiddenheeten ginn fair ausdiskutéiert, awer virun allem sinn des Owender gezeechent vun der Freed, entspaant kënnen zesummen ze sinn. An eiser Ekipp si jonk a manner jonk Leit an ee feiert deen aneren un, nach ëmmer besser beim Theaterspillen ze ginn.
De respektvollen Ëmgang mateneen dréit mat zu eisem Erfolleg bei.
Eis verschidden Charakteren a Fäegkeeten kommen am Theaterspill duerch déi op all eenzel Persoun passend geschriwwe Rollen gutt eraus.
Do hu mir déi grouss Chance, datt eis Theaterstécker zënter Joren all hausgemaach sinn ewell se vum Cecile Bellot, engem Member vum Veräin geschriwwe ginn.
Mir hunn all Joer fënnef Theateropféierungen am Festsall zu Lenneng.
D’Nofro vun de Leit ass grouss, d’Plazen gi ganz séier fort, esou dat fir d’Zukunft weider Opféierungen an der Diskussioun sinn.
Nieft de Lennenger Opféierungen, droe mir och all Joer zu Gréiwemaacher am Altersheim mat vill Freed virun engem net manner begeeschterten Publikum eist Theaterstéck vir.
Eist gutt Zesummespill, dat häerzhaft Laachen vun de Leit, hiren decken Applaus an hir meeschtens ganz positiv Kommentaren ginn eis Recht an eisen gemeinsamen Beméiungen, e Stéck frout an eenegt Lennenger Liewen nach laang oprecht ze erhalen.
Fir datt eise Veräin sech sportlech nach weider entwéckele kann a fir datt mir och all eis Manifestatiounen all Joer ëmmer erëm organiséiere kënnen, an am Duerfliewen esou aktiv kënne sinn, brauche mir är Ënnerstëtzung.
Dofir schonns am Viraus villmools Merci am Numm vun all eise Spiller an dem Virstand vum Veräin.
Eng Iwwersiicht iwwer all Sponsorméiglechkeeten.
Dréckt “no ënnen” fir weider ze liesen.
Dréckt “no riets” fir bei dat nächst Kapitel ze kommen.
Dréckt “no lenks” fir bei dat Kapitel vu virdru zréck ze kommen.
Ouni d’Hëllef vu Sponsore kann den Dësch - Tennis Lenneng säi professionellen Trainingsbetrieb net fortféieren.
Zousätzlech zu de Gehälter fir äis Trainer, kommen och nach Materialkäschten derbäi, déi de Veräin aus dem renge Sportbetrieb net finanzéiere kann.
Dofir organiséiert eise Veräin verschidden traditionell Manifestatiounen, wéi den Theater.
Och bei dëse Manifestatioune géife mir eis iwwer är Ënnerstëtzung freeën, fir datt de Veräin sech och ob dem aussersportleche Gebitt weider entwéckele kann.
Wann Dir eis ënnerstëtzt, ënnerstëtzt Dir eis Visioun vu sportlechem Erfolleg, opgebaut op enger gesonder a natierlech gewuessener Basis, déi fest am traditionellen Duerfliewe vun der Gemeng Lenneng verankert ass.
Duerfir wëlle mir Iech e puer Iddie weisen an a puer Méiglechkeete virstellen, wei Dir eis kënnt ënnerstëtzen.
A rout geschriwwe Sponsorméiglechkeete si scho verginn.
Ee Panneau mat ärem Logo gëtt zu Kanech am Centre culturel a sportif „a Wëllems“ opgehaangen.
200 € pro Quadratmeter pro Saison.
!../../../../../user/themes/rt_reiko/images/Sponsormapp/wellemsPanneau.png “A Wellems”)
E Rollup mat ärem Logo gëtt bei all Manifestatioun vum Veräin zu Lenneng opgestallt.
Maximal sechs Sponsore méiglech.
125€ pro Saison.
Publikatioun vun ärem Logo op 12 Zieldëscher an op 4 Boxen fir d’Handduch ofzeléen.
Maximal ee Sponsor méiglech.
125€ pro Saison.
Publikatioun vun ärem Logo op ca. 100 Trikoten.
Réck: 750€ pro Saison
Bauch: 750€ pro Saison
Broscht: 250€ pro Saison
L. Aarm: 250€ pro Saison
R. Aarm: 250€ pro Saison
Publikatioun vun ärem Logo op ca. 100 Shorts.
Réck: 250€ pro Saison
Bauch: 250€ pro Saison
Publikatioun vun ärem Logo op ca. 75 Trainingskostümer.
Réck: 350€ pro Saison
L. Been: 150€ pro Saison
R. Been: 150€ pro Saison
L. Aarm: 150€ pro Saison
R. Aarm: 150€ pro Saison
Publikation vum ärem Logo op Flyeren, Newsletter an all aner Handouts, wéi z.B. de Präislëschten oder de Froëbéi beim Quiz - Owend.
Äre Logo kënnt op mindestens 3000 Ziedelen.
Sponsoring um Turnéier vum Dësch - Tennis Lenneng.
Äre Logo gëtt an 12 Coupen, déi un d’Gewënner verdeelt ginn, agravéiert: 250€ pro Saison
Den Turnéier leeft ennert ärem Numm: 250€ pro Saison.
Fir 25€ kënnt äre Logo an enger Ënnerrubrik op d’Websäit vum Dësch - Tennis Lenneng.
Mir freeën eis och iwwer all anonym Ënnerstëtzung.
All Hëllef ass Wëllkomm fir eise Veräi weider ze verbesseren.
Eng Iwwersiicht iwwer all méiglech Sponsorpackages.
Dréckt “no ënnen” fir weider ze liesen.
Dréckt “no riets” fir bei dat nächst Kapitel ze kommen.
Dréckt “no lenks” fir bei dat Kapitel vu virdru zréck ze kommen.
Ausser beim Sponsoring fir d’Websäit an dem anonyme Sponsoring, leeft all Vertrag iwwer 3 Joer.
Sponsert Dir eise Veräin, gëtt äre Logo, falls Dir dat wëllt, an enger Ennerrubrik op eiser Websäit ugewisen.
Ausserdem lee mir är Werbematerialien bei eisen aussersportlechen Aktiviteiten aus.
Je nom Wäert vun ärer Offer, bidde mir Iech nach Folgendes un:
Entscheet Dir Iech fir eng Offer vun 125€ oder méi, gitt Dir Bronze - Sponsor vum Veräin.
Als Bronze - Sponsor leede mir zousätzlech är Publikatiounen a Reklammen un all eis Memberen weider.
Entscheet Dir Iech fir eng Offer vun 250€ oder méi, gitt Dir Sëlwer - Sponsor vum Veräin.
Zousätzlech zu de Bonien als Bronze - Sponsor, offréiere mir Iech je zwee Gratis - Entréesticketen fir all eis Manifestatiounen.
Entscheet Dir Iech fir eng Offer vun 400€ oder méi, gitt Dir Gold - Sponsor vum Veräin.
Zousätzlech zu de Bonien als Sëlwer - Sponsor, offréiere mir Iech je zwee weider Gratis - Entréesticketen an äre Logo kennt op all Flyer, Präislëscht an aner Handouts bei all eise Manifestatiounen.
Mir stellen äre Rollup bei all Manifestatioun am Festsall zu Lenneng op - wann Dir eis een fir deen Zweck zur Verfügung stellt.
Entscheet Dir Iech fir eng Offer vun 750€ oder méi, gitt Dir Haapt - Sponsor vum Veräin.
Zousätzlech zu de Bonien als Gold - Sponsor, offréiere mir Iech je zwee weider Gratis - Entréesticketen.
Äre Logo kennt zousätzlech op all Publikatioun vum Veräin souwéi op d’Haaptsäit vun eiser Websäit.
Wann Dir wëllt eng Ufro maachen, hu Dir zwou Méiglechkeeten:
Dréckt “no riets” fir bei dat nächst Kapitel ze kommen.
Dréckt “no lenks” fir bei dat Kapitel vu virdru zréck ze kommen.
Eng Iwwersiicht iwwer eis Sponsoren.
Dréckt “no ënnen” fir weider ze liesen.
Dréckt “no riets” fir bei dat nächst Kapitel ze kommen.
Dréckt “no lenks” fir bei dat Kapitel vu virdru zréck ze kommen.